Ausbléck: Sou vill reent et bis de Mëttwoch inclus

An dëser Woch soll et de momentane Modellrechnunge no net méi sou naass ginn wéi an der leschter Woch.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 3 a 7 l/m², déi bis an de spéide Mëttwochowend era fale sollen. Dat meescht dovu gëtt ganz am Oste vum Land tëscht Rouspert a Mäertert gerechent. Den europäesche Modell ECMWF ass mat 4 bis 8 l/m² dobäi, dat meescht gëtt fir de Südweste vum Land an och fir déi äusserst Nordspëtzt gerechent.

De franséische Wiedermodell ARPEGE rechent laanscht de ganze Weste mam meeschte Reen, am mannste soll laanscht Musel falen. Am ganze ginn tëscht 7 an 12 l/m² simuléiert. Den däitschen ICON ass dës Kéier mol erëm op Spuerflam ënnerwee a rechent eis tëscht 1 an 3 l/m² – “Schwéierpunkt”: de Mëllerdall.

Den Dag mam meeschte Reen gëtt viraussiichtlech de Mëttwoch selwer.

Ganz realistesch gekuckt schénge Quantitéite vun tëscht 4 an 10 l/m² am warscheinlechsten.