Iwwerdeems et dës Woch roueg zu Lëtzebuerg bleift, kéinten eis d’nächst Woch déi nächst Schnéifäll ustoen. Bei dësem Artikel handelt et sech ëm Spekulatioun.
Eng Woch Paus
No enger onbestänneger leschter Woch mécht d’Wieder de Moment eng kleng Verschnaufpaus. Dës gëtt duerch staarken Héichdrockafloss erméiglecht, duerch deen et kaum zu Nidderschléi kënnt. Den eenzege Nidderschlag, deen mol dobäi ass, ass liichte Fisemreen oder Schnéigrisel, ausgeléist duerch méi déck Niwwelfelder. Wanterlech ass et, mee dat just a Form vu liichtem bis hin zu méissegem Frascht. D’nächst Woch soll d’Grousswiederlag erëm ëmschloen – Schnéifäll géifen dann erëm méi warscheinlech ginn.
Wat geschitt?
Fir eis déi aktuell Modell-Iddien unzekucken, siche mir eis d’Modeller GFS an ECMWF aus a vergläichen dës mateneen.
Amerikanesche Wiedermodell GFS
Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent fir den Dënschden an enger Woch, 18. Januar 2022, domat, dass sech iwwert dem nërdlechen Atlantik e gréissert Héichdrockgebitt installéiert, wat Deeler vu Grönland an och Island bedecke géif. Ëstlech dovu géif sech e gréissert Déifdrockgebitt néierloossen, dat mam Kär iwwert dem skandinavesche Raum. Dës Konstellatioun géif dofir suergen, dass polar mee och fiicht Loftmassen hire Wee an eis Géigende packen a soumat d’Chancen op neie Schnéifall däitlech an d’Luucht drécken.
Sollt et esou komme, wéi de GFS et de Moment berechent (Stand: 11.01.2022 – 15:40), da wier schonn um kommende Méinden mat Schnéischaueren ze rechnen, déi och um Dënschde weider optriede géifen. No enger klenger Paus um Donneschden, 20. Januar 2022, wiere fir de Weekend vum 21. Januar 2022 weider Schnéifäll dobäi. Vun de Schnéihéichten hier wieren op den héchste Koppe bis zu 10 cm ze erwaarden, op den Erhéijungen tëscht 3 a 6 cm. Am Süden wiere mir bei engem dënne Flom bis hin zu 1 cm dobäi.
Europäesche Wiedermodell ECMWF
Den europäeschen ECMWF rechent och eng enk Interaktioun tëscht westlechem Héich an ëstlechem Déif, mee dat e bëssen anescht positionnéiert. Amplaz iwwert dem nërdlechen Atlantik, gëtt d’Héichdrockgebitt vum ECMWF mam Kär iwwert dem Ärmelkanal berechent. D’Déifdrockgebitt läit domat net iwwert dem skandinavesche Raum, mee éischter iwwer Finnland resp. Westrussland. Doduerch géifen zwar och fiicht a polar Loftmassen ugezaapt ginn, mee se géifen eis ëm eng gréisser Distanz verfeelen. Dem Modell no kéint et wuel trotzdeem heiansdo zu schwaache Nidderschléi a Form vun eenzelne Flacke kommen, mee et wier definitiv de méi schlechten Zenario, wann een onbedingt gäre Schnéi hätt. Vun de Quantitéiten hier géif héchstens mol ëm 1 cm dobäikommen, iwwerdeems op den héchste Koppen am Norden souwisou nach e bëssen eppes vum Schnéi vu leschter Woch iwwereg ass.
Fazit:
Kéim et dem GFS no, da wieren d’Chancen op weider Schnéischauere mat relevante Quantitéiten zimmlech grouss. Kriit sech den ECMWF duerchgesat, da géif et haaptsächlech just kill ginn, dat awer gréisstendeels ouni Schnéi.
Wa mir schonn bei Temperature sinn: déi zwee Modeller schénge sech domat awer eenz ze sinn. Fir den Ufank vun der nächster Woch gëtt e markanten Temperaturréckgang berechent, vum GFS e bësse méi intensiv wéi vum ECMWF. Bei klorem Himmel kéint et dobäi an de Nuechten erëm labber op -10 Grad oder méi déif ofkillen.
Well et sech bei dësem Artikel ëm Spekulatioun handelt, bleift eis näischt anescht iwwereg, wéi nach e bëssen ofzewaarden. De Wanter ass awer, egal wéi, ëmmer nach net gelaf.