Ausbléck: Stuerm-Potenzial klëmmt rem

Dat onbestännegt Wieder, wat mir de Moment hunn, suergt och mol vir méi turbulent Phasen. Sou soll et an de nächsten Deeg rem zäitweis méi staark blose kënnen.

Lëfteg bis stiermesch

Den éichten Dag, un deem et rem méi lëfteg/stiermesch gëtt, ass den Donnëschden. Dramatesches ass zwar net ze erwaarden, allerdéngs sollt een et awer mol erwähnen. Den aktuelle Modellrechnunge no solle sech d’Wandspëtzten tësche 50 a 75 km/h ophaalen, also däitlech méi niddrëg wéi um Méinden. Mat dobäi kënnt méi staarke Reen, dee virun allem an de Moiesstonnen aktiv ka sinn. Ab dem Nomëtte kënnt et méi zu Schauerwieder, et ginn also mol Pausen tëschent de Reefäll. Bis an den Owend era sollen tësche 5 an 10 l/m² Reen faalen.

Eppes méi markantes kéint eis dann am Laf vum Samsde befirstoen, wou e Stuermdéif mat séngem Kär vun der Nordséi hier iwwert de Norde vun Däitschland wandere wärt. Opgrond vun der zäitlecher Distanz kann ee nach näischt definitives soen, allerdéngs gesäit et de Moment sou aus, wéi wann et do punktuell mat em 85 km/h däitlech méi stiermesch kéint ginn, wéi um Donnëschden. Den Détail muss ofgewaart ginn! Un der Kaalfront soll de Simulatioune no e bëssen eppes u Reen zesummekommen: tëschen 8 a 15 l/m² kéinten an Zäit vu 24 Stonnen eroofkommen.

Dëst ass just en éichten Hinweis op potenziell Stierm. Soubal et konkret gëtt, gi Virwarnunge resp. Akutwarnungen aktivéiert.