Ausbléck: Stuermpotenzial um Méindemoien?

Et schéngt e klenge Stuermpotenzial fir de Méindemoien ze bestoen – d’Modellrechnunge ginn awer zimmlech wäit auserneen.

Situatioun

De Weekend setzt sech, wéi bekannt, héije Loftdrock bei eis duerch. Schonn um Sonnden hëlt dese lues a lues of, dat well sech en Déifdrockgebitt vun de britteschen Inselen hier a Richtung Dänemark beweegt. Duerch dës Beweegung gerode mir an e Wandfeld, bei deem et sech dem engen oder anere Modell no och ëmt e Stuermfeld handele kéint. D’Modellrechnunge ginn de Moment awer nach immens wäit auserneen. Den aktuelle Stand ass awer folgenden.

Amerikanesche Wiedermodell GFS


Berechnung vum amerikanesche Modell GFS | Grafik: wxcharts.com

Ier mir op de Méinden ze schwätze komme, soll et dësem Modell no schonn um Sonndenowend méi lefteg ginn. An der Nuecht op de Méinde wiere Spëtzte vu bis ëm 60 km/h ze erwaarden. A Richtung fréie Méindemoie selwer dann soll et, dem GFS no, kuerzzäiteg zu stiermesche Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 70 an 80 km/h kommen. Dëse Wand soll sech am Virmëtte séier leeën, ier en am Nomëtte just nach mat ëm 40 km/h an de Spëtzte sollt ënnerwee sinn.

Europäesche Wiedermodell ECMWF


Berechnung vum europäesche Modell ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Den europäeschen ECMWF rechent och domat, dass et um Sonnde méi lefteg gëtt. Mat Spëtzte vu bis ëm 45 km/h ass dësen awer däitlech manner markant ënnerwee wéi de GFS. De Maximum soll an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Méinden erreecht ginn, héchstens ëm 65 km/h wieren do mol mat dobäi. Wa mir eis da nach d’Meenung vum franséische Modell ARPEGE anhuelen, da schéngt et tendenziell méi a Richtung ECMWF ze goen.

Weiderhi Stuermpotenzial?

Mir leien an der nächster Woch gréisstendeels ënnert engem Westdrift, wat heescht, dass eis ëmmer erëm Déifdrockgebitter mat hire Frontesystemer beaflosse wäerten. Doduerch besteet dann och d’Warscheinlechkeet vu leftege bis stiermeschen Zäiten, wéi z.B an der Nuecht op de Mëttwoch. Météo Boulaide wäert Iech um Lafenden halen!