Ausbléck: Temperature beweege sech a Richtung 30 Grad

Nodeems et zanter dem vergaangene Weekend manner waarm ginn ass, steet elo erëm eng Ännerung un. An de nächsten Deeg schaffe sech eis Temperature weider no uewen.

Grousswiederlag

An de nächsten Deeg etabléiert sech ëmmer méi den héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa. Vun den Azoren hier iwwert de Weste vun Europa bis iwwer Mëtteleuropa erstreckt sech an de nächsten Deeg eng laang Héichdrockzon, wann ee wëll kann een och vun enger Héichdrockbréck schwätzen. Duerch dës Héichdrockzon ginn d’Nidderschléi an eise Géigenden erëm méi rar, parallel dozou gi waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an och aus Spuenien an eis Géigende gelenkt.


Den Iwwerbléck bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Dënschden, 08. Juni 2021

De Moien ass den Himmel méi oft zimmlech gro, dat duerch e puer méiglech Niwwelfelder a niddrëg bis mëttelhéich Wolleken. D’Temperature leien tëscht 14 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op 17 bis 20 Grad erop. Et ännert sech net all ze vill. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 21 a 24 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Norden. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et besteet eng ganz kleng Warscheinlechkeet vun enger lokaler Schauer, d’Warscheinlechkeet vun enger Blëtzentluedung besteet och mol. Et gëtt awer wierklech just op de mannste Plaze naass. Och sonneg Momenter sinn dotëscht méiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 11 a 14 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. Et kläert esouguer op.

Mëttwoch, 09. Juni 2021

De Mëttwochmoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 14 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op 17 bis 22 Grad erop. Et bleift frëndlech a sonneg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 22 a 26 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nord-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et kommen e puer Wolleken dobäi, déi eis awer a Saache Nidderschléi sollten a Rou loossen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 14 Grad zréck, et kläert erëm op.

Donneschden, 10. Juni 2021

Den Donneschdemoien ass den Himmel gréisstendeels kloer, d’Temperature leien tëscht 13 a 16 Grad a kalmmen am Virmëtten op 18 bis 22 Grad erop. Et bleift frëndlech a sonneg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 24 an 28 Grad erreecht, de Wand bléist schwaach aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h dobäi. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 14 Grad zréck, den Himmel kläert op.

De weideren Ausbléck


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Wa mir a Richtung Weekend kucken, da géif et déi bis dohi berechent Héichdrockwiederlag zouloossen, dass d’Temperaturen op tëscht 25 a 29 Grad klamme géifen. Kéimen dann déi potenziell nach e bësse méi waarm Loftmassen an d’Spill, déi vun eenzelne Modeller berechent gëtt, da géif et besonnesch op den typesche Plaze wéi z.B laanscht d’Musel och mol fir 30 Grad duergoen. Fir d’30 Grad ze confirméieren ass et awer nach e bëssen ze fréi.