Ausbléck: Temperature klamme gläich erëm op bis ëm 18 Grad

D’Wiedermodeller si sech an Tëschenzäit zimmlech sécher, dass et mat eisen Temperature geschwënn erëm an en iwwerduerchschnëttlech waarme Beräich geet.

Spéitstens Enn der Woch gëtt et méi waarm

Och vun den Temperature, mat deene mir et de Moment ze dinn hu, kann ee net wierklech soen, dass et kal zu Lëtzebuerg ass. An de leschten Deeg louchen d’Wäerter dagsiwwer meeschtens tëscht 8 an 13 Grad, haut sinn 8 bis 12 Grad ze erwaarden. Um Mëttwoch sollen et 11 bis 15 Grad sinn, um Donneschden 10 bis 13 Grad. Och wann et sech um Mëttwoch nach net wierklech bemierkbar mécht, gerode mir ënnert eng méi staark südwestlech Stréimung, duerch déi déi méi waarm Loftmasse lues awer sécher hire Wee op Lëtzebuerg fanne wäerten. Spéistens um Freide klammen d’Temperaturen op 13 bis 16 Grad, um Samsde sollen de Modellrechnunge no tëscht 14 a 17 Grad optrieden an um Sonnde wieren esouguer 14 bis 18 Grad méiglech.

Video vum 26. Oktober 2020

Héije Loftdrock iwwert dem südlechen Europa, déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik

De Grond, firwat et erëm méi waarm gëtt, ass deen, dass mir et iwwert dem südlechen Europa mat héijem Loftdrock ze dinn hunn. Iwwerdeems huet dobaussen um Atlantik déiwe Loftdrock d’Iwwerhand, wouduerch mir de Moment och ënnert enger südwestlecher Stréimung stinn an och bleiwen. Duerch d’Hëllef vun engem Randdéif, wat de Weekend iwwer déi brittesch Inselen zitt, gëtt déi südwestlech Stréimung nach e klengen Tick verstäerkt. Et gi waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum mee och dem Norde vun Afrika ugezaapt, déi am Endeffekt fir déi ze héich Temperaturen zu Lëtzebuerg suergen. Schonn ufanks der nächster Woch soll d’Stréimung op Nordwest ëmsprange, wouduerch et erëm däitlech méi kill gëtt.


Déi waarm Loftmasse kéinte schonn ufanks der nächster Woch vun engem Virstouss vu polare Loftmassen ënnerbrach ginn | Animatioun: wxcharts.com