Ausbléck: Temperaturréckgang de Weekend, europäesche Modell mat Flacken

D’Wiedermodeller rechnen schonn eng Zäit laang domat, dass eis Temperaturen de Weekend e gudde Sprong a Richtung Gefréierpunkt solle maachen. Virun allem den europäesche Modell wëll eng eenzel Schnéiflack net ausschléissen.

Advertisement

D’Situatioun

Vum Freiden u wandert en Déifdrockgebitt vun de britteschen Inselen aus a Richtung Osteuropa, wat also heescht, dass et och erëm eist Wieder heiheem soll beaflossen. Déifdrockgebitter dréinen op der Nordhallefkugel géint d’Auer, wat dozou féiert, dass kuerzzäiteg däitlech méi kill Loftmassen aus dem héije Norde kënnen ugezaapt ginn. D’Modeller rechnen all domat, mee just den europäeschen ass dem Wanterwieder géigeniwwer nach e gudden Tick méi optimistesch géigeniwwer ënnerwee.

D’Eenzelheeten

Natierlech, et ass nach e Stéck bis de Weekend. Well d’Modeller awer elo schonn esou konstant dësen Trend berechnen, ass et zimmlech warscheinlech, dass et tatsächlech e gudde Krack méi kill gëtt. Dëst huet elo nach kee gréisseren Effekt op d’Deeg selwer, mee méi op d’Nuechten. Lauschtere mir op den amerikanesche Wiemdermodell, da wieren d’Temperaturen um fréie Samsdemoie bei tëscht 2 a 4 Grad ënnerwee an um fréie Sonndemoie bei -1 bis 2 Grad. Och de Start an déi dropfolgend Woch géif fraschteg verlafen, dat mat änleche Wäerter. Den däitsche Modell ass mat änlechen Iddien ënnerwee a gesäit fir d’Nuecht op de Samsden esouwéi och Sonnden och minimal méi niddereg Wäerter op eis duerkommen.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag a Saache Loftmassentemperature fir de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Dës Wäerter si fir d’Joreszäit awer näischt aussergewéinleches. Et soll een einfach just drun denken, dass de Weekend aus momentaner Siicht gesinn de Risk vu glate Stroossen duerch Nätzt déi fréiert e gutt Stéck an d’Luucht soll goen.

Iddi vum europäesche Modell

Dës Zeilen sinn mat Virsiicht ze genéissen, well just den europäesche Modell et esou gesäit. Wéi gesot, transportéiert en Déifdrockgebitt déi méi niddereg Temperaturen an eis Géigenden – dat op der Récksäit dovun, well se jo géint d’Auer dréinen. Dem europäesche Modell no verleeft de Kär vum Déif esou no u Lëtzebuerg, dass eventuell d’Mëschung aus dësen däitlech méi nidderegen Temperaturen an de Nidderschléi kéint optrieden – wat op d’mannst mol an eenzelne Schnéireen-Schauere géif resultéieren.


De Verlaf vun der Wiederlag laut europäeschem Modell | Animatioun: wxcharts.com

Et ass just eng Iddi – an och wann, sollt ee sech näischt spektakuläres erwaarden. Et ass einfach Zäit fir Wanterpneuen, och wann e richtege Wanterabroch ëmmer nach net an de Wiederkaarten ze fannen ass.