Ausbléck: Temperaturschwankungen duerch Westwiederlag

Der Joreszäit entspriechend gerode mir demnächst ënnert eng Westwiederlag, duerch déi eis Temperature wäerten Achterbunn fueren.

Advertisement

Variabel Wiederlag bréngt och variabel Temperaturen

Esou lues iwwerhuelen Déifdrockgebitter d’Haaptroll iwwert dem europäesche Kontinent, iwwerdeems den héije Loftdrock meeschtens an déi südlech Deeler vum Kontinent verdrängt ginn. Well dëst awer net fix ass, mee déi ganzen Zäit am ronderëmschwappen ass, bréngt dat natierlech och gréisser Temperaturschwankunge mat sech.

Haut um Sonnde leie mir nach ënner méi waarme Loftmassen, déi awer schonn amgaange sinn no a no aus eise Géigende verdrängt ze ginn. Besonnesch muer um Méinde gëtt dat ëmmer méi spierbar, ier sech eis Temperaturen en Dënschde ganz däitlech wäerten zréckhalen. Am Laf vum Mëttwoch géif et awer schonn erëm en Tick méi waarm ginn, well en Déifdrockgebitt iwwert dem Atlantik erëm als Schëpp géif fungéieren, déi erëm méi déif an de Süde vun Europa no Wiermt siche geet. Bis en Donneschden inclus géife sech dann déi méi waarm Loftmassen halen, ier se op ee Neits géife vu West no Ost duerch eng Kalfront verdrängt ginn. Duerno kéint et dann bis de Weekend zimmlech kill bleiwen, fir dass dann duerno erëm e weidere Virstouss u méi waarme Loftmasse kéint ustoen.


De viraussiichtleche Verlaf laut GFS-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Dir mierkt also, et gëtt en zimmlechen Hin an Hier. Mee wat heescht dat elo konkret an Zuelen ausgedréckt? Fir muer um Méinden ass mat Maximalwäerter vun tëscht 20 an 23 Grad ze rechnen, laanscht den äusserste Südosten kéint et nach eng Kéier fir 24 Grad duergoen. En Dënschde wiere mir nach bei 16 bis 19 Grad ënnerwee (lok. 20 Grad), ier et e Mëttwoch erëm op 20 bis 24 Grad géif eropgoen. Fir en Donneschde gi Maximalwäerter vun tëscht 19 a 24 Grad berechent a fir e Freide just nach 15 bis 18 Grad.

Däitlech méi kill wier och de Samsden mat 13 bis 16 Grad, e Sonnde wier mat 16 bis 18 Grad erëm e bësse méi waarm.