
Eng Kalfront, déi net besonnesch séier virukënnt, suergt muer a virun allem de Samsden erëm fir Reen zu Lëtzebuerg. Op d’mannst punktuell kënne gréisser Reequantitéiten erofkommen.
Advertisement
D’Situatioun
De Freide läit en Déifdrockkomplex iwwert dem nërdlechen Atlantik a schléisst déi brittesch Inselen esouwéi och Island an Deeler vu Skandinavien mat an. Vun dësem geet eng Kalfront aus, déi eis schonn an der Nuecht op de Freide wäert méi no kommen.

Den definitive Passage zu Lëtzebuerg soll zwar eréischt am Laf vum Samsdemëtte geschéien, mee och schonn am Virfeld dovun kënnt et zu Reen/Schaueren. Déi méi naass Phas hält bis an d’Nuecht op e Sonnden un, ier et erëm méi dréche gëtt. An där Zäitspaan kann et zu Lëtzebuerg PUNKTUELL zu gréissere Reenzomme kommen, déi och eng Auswierkung op eng Peegelen kéinten hunn.
De Verlaf
Ier mir eis de Verlaf ukucke nach d’Umierkung, dass d’Modeller sech a Saache Verdeelung vum Nidderschlag ëmmer nach net ganz sécher sinn a gréisser Differenzen gesinn. Dës Differenze si net ausschléisslech op Lëtzebuerg bezunn, mee op e gréissere Radius vun eiser Groussregioun. Folgend Beschreiwung ass also méi eppes wéi e “Richtungsgeber”, wéi sech d’Situatioun kéint entwécklen – eben dat, wat mat aktuelle Modelldonnéeën iwwerhaapt ze maachen ass.
Den amerikaneschen an den europäesche Wiedermodell rechne schonn am Laf vun der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Freide mat den éischte Nidderschléi, déi aus der Belsch op Lëtzebuerg iwwergräifen. Aner Modeller wéi den ARPEGE oder ICON sinn entweder méi zréckhalend oder se gesinn d’Ukonft vun de Schaueren/vum Reen eréischt méi spéit am Laf vum Dag. Wa mir op der Spur vum amerikaneschen an europäesche Modell bleiwen, dann zéie sech d’Nidderschléi bis an de spéidere Nomëtten oder fréien Owend eran. Bis dohin geschitt dat mat liichten bis méissegen Intensitéiten, woubäi ganz punktuell begrenzt och eng méi kräfteg Schauer net ausgeschloss ass.

D’Nidderschlagssignaler verschwannen an der Nuecht zwar net ganz, mee tëscht op d’mannst 22 an 02 Auer kéint eis den zwee Globalmodeller no eng méi roueg Phas ustoen. De Probleem ass just, dass d’Lokalmodeller, déi méi héich opgeléist sinn, a genee där Phas eng laang gestreckte Beräich mat méi kräftege Nidderschléi gesäit, déi iwwer Lëtzebuerg ewechzitt – mir gesinn also, dass sech eng gréisser Meenungsverschiddenheet erauskristalliséiert. De Super-HD Modell vum Kachelmann gesäit bis an de fréie Samsdenomëtte plazeweis kräfteg Nidderschléi, déi besonnesch de Norde vum Land fokusséieren. Den europäeschen an amerikanesche Modell gesinn de Reen iwwert dem ganze Land, mee schénge sech och méi op de Norden mee awer och d’Muselgéigend ze konzentréieren.
Fazit: Eng kniffleg Ugeleeënheet
Tëscht dem Freiden an dem Samsden inclus setze Nidderschléi iwwer Lëtzebuerg an. Vun den zwee Deeg schéngt eis de Samsden am meeschte Reen ze bréngen. Déi genee Verdeelung iwwert déi zwee Deeg zesumme gekuckt ass schwéier anzeschätzen, mee den akkumuléierten Zomme no si grob iwwer Lëtzebuerg gekuckt tëscht 15 a 35 l/m² Reen méiglech, fläit och 40 l/m². Zéie verschidde Nidderschlagssegmenter ëmmer erëm iwwert déi selwecht Plaz, da wiere punktuell tëscht 40 a 60 l/m² Reen net ausgeschloss. D’Warscheinlechkeet dofir besteet zwar am ganze Land, mee virun allem déi héichopgeléist Modeller tendéieren domat liicht a Richtung Nordspëtzt. Eenzel Donnerwieder sinn och net ausgeschloss, déi de Reenzommen op där spezifescher Plaz, wou se optrieden, e Boost kënne verpassen.