Ausbléck: Ufank vun der neier Woch gëtt lokal fréisummerlech

D’Wiedermodeller bleiwen dobäi: no engem deels méi variable Weekend bréngt en Héichdrockgebitt d’Fréijoerswieder resp. lokal de Fréisummer op Lëtzebuerg.

Grousswiederlag

No enger méi variabler Zäitspaan, wéi z.B vum Freiden op de Samsden, an där mir et mat Déifdrockafloss ze dinn haten, stellt sech d’Wieder elo erëm abrupt ëm. Schonn haut um Sonnde setzt sech den héije Loftdrock ëmmer méi duerch; esou richteg bemierkbar maache wäert sech dat ganzt vum Méinden un. Et ass net nëmme rouegt Wieder ze erwaarden, mee duerch eng südlech bis südwestlech Héichtestréimung komme mëll an iwwerduerchschnëttlech waarm Loftmassen op Lëtzebuerg gezunn.

De Grond fir dës waarm Loftstréimung ass d’Héich iwwer Europa, mat sengem Kär iwwert dem Alperaum, an déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik.


Grousswiederlag fir déi éischt dräi Deeg vun der neier Woch | Grafik: wxcharts.com

Reen weiderhi kee gréissert Thema, lokal fréisummerlech

Duerch den héije Loftdrock wäert de Reen an de nächsten Deeg kee gréissert Thema sinn, et bleift déi meescht Zäit einfach dréchen. Déi eenzeg Situatioune, wou et mol minimal fiicht ka ginn, sinn eenzel Niwwelfelder déi plazeweis an de fréie Moiesstonnen entstoe kënnen.

Temperaturtechnesch maache mir vum Méinden u bis de Mëttwoch kontinuéierlech Fortschrëtter. Um Méinde si mir mat tëscht 17 an 20 Grad dobäi, lokal kann et schonn fir 21 Grad duergoen. Déi waarm Loftstréimungmécht sech vum Dënschden u besser bemierkbar, dat duerch Maximalwäerter vun tëscht 20 a 24 Grad (fréijoersméisseg bis fréisummerlech). Laanscht Musel, mee och op anere Plaze wéi z.B am Raum Miersch, kënnen och Wäerter vu bis zu 25 Grad net zu 100% ausgeschloss ginn. Am Fall vu 25 Grad hätte mir den éischte meteorologesche Summerdag vum Joer 2021 – mee et gëlt fir elo mol ofwaarden. Och um Mëttwoch soll et nach esou virugoen, dat mat Wäerter vun tëscht 21 a 24 Grad, lokal och mol 25 Grad.

An den Deeg drop gëtt et erëm manner mëll an et kommen och erëm méi Wolleken an d’Spill. D’Modeller si sech nach alles anescht wéi sécher, wéi et vum Donneschden u virugoe soll. Déi eng gesinn d’Solutioun, dass et e gutt Stéck méi kal gëtt, anerer just, dass et ganz e bësse méi kill gëtt. Dëst ass en Thema fir e spéideren Artikel.