Ausbléck: Um Donneschde gëtt et séier méi waarm

Nodeems mir och um Donneschdemoie mat Frascht an den Dag erastarten, ass am Laf vum Dag awer mat engem gréissere Changement ze rechnen.

Héichdrockgebitt verlagert sech

Dat Héichdrockgebitt, wat de Moment fir dat schéint an dréchekalt Wieder suergt, verlagert sech de Moment no a no méi wäit a Richtung Osteuropa. Doduerch hëlt och den Afloss vun de méi kille Loftmassen an eise Géigenden of. Ier et awer esouwäit ass, muss an der Nuecht op den Donneschden an och um Donneschdemoie nach eng Kéier mat Frascht gerechent ginn.

Wéi d’Modellkaarten et gesinn, soll de Minimum vun den Temperature schonn zimmlech fréi um spéideren Owend resp. an der Nuecht erreecht ginn. Ëm Mëtternuecht ass am Norde vum Land mat engem Minimum vun tëscht -4 a -7 Grad ze rechnen, deels kéint et nach eng Kéier op bis ëm -9 Grad zréckgoen. An der Südhallschent sinn och erëm tëscht -2 a -6 Grad ze erwaarden. De Frascht hält am ganze Land bis an de spéideren Donneschdevirmëtten un, gréisser Temperaturschwankunge bis dohin sinn inclus. Duerno, am Laf vum Donneschdemëtten- a Nomëtte, sinn Dageshéchsttemperature vun tëscht 5 an 8 Grad ze erwaarden.


Am Laf vum Donneschde ginn aus Südwesten erëm méi mëll Loftmassen ugezaapt | Grafik: wxcharts.com | Edit: Météo Boulaide

De Grond dofir ass deen, dass sech eist äiskalt Déif weider an den Oste vum Kontinent verlagert an hannendrun en Déifdrockgebitt, wat mat sengem Kär iwwert dem Atlantik läit, dofir suergt, dass méi mëll a fiicht Atlantikloft an eis Géigende gelenkt gëtt. Dëst Muster gëtt méi oder manner esou bis de Sonnden agehalen, wa sech d’Modellrechnunge bis dohin net méi all ze vill veränneren.

Duerch déi südwestlech Stréimung, déi um Donneschden jo dann erëm asetzt, gëtt et erëm däitlech méi wollekeg bis hin zu gro an och déi méi déck Niwwelfelder feieren hire Comeback.