Ausbléck: Um Donneschden eenzel Schauere méiglech, soss naass duerch Fisemreen & Niwwel

D’Grousswiederlag huet zanter dem Méinde net groussartëg geännert. Dowéinst kann een och a Punkto Reen net vill Neies erzielen. Gréisser Quantitéite bleiwen aus.

Di grouss Quantitéite bleiwe weiderhin aus

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent grad emol mat tëscht näischt bis 0,8 l/m², déi bis de Freidenowend spéit zu Lëtzebuerg sollen zesummekommen. Bei engem gudden Undeel dovun handelt et sech ëm Akkumulatiounen a Form vu Fisemreen, deen haaptsächlech duerch de Niwwel optriede kann. Den europäeschen ECMWF rechent mat tëscht 1 bis 2 l/m², dat meescht soll tendenziell laanscht de Westen a Südwesten ze erwaarde sinn.

De franséischen ARPEGE gesäit dat d’selwecht, just dass et an der Nordhallschent a virun allem am Nordosten am naasste sollt ginn. Den däitschen ICON rechent mat tëscht 0,2 bis 1 l/m².

Den Donneschdemëtte passéiert eis e Frontesystem, duerch deen et am warscheinlechsten zu Nidderschléi a Form vu Schauere komme kann. Wéi gesot mécht e gewëssenen Deel vun den uewe genannte Quantitéite just de Niwwel/Fisemreen aus.