Ausbléck: Waarmloft-Schëpp duerch Iwwerreschter vum Hurrikan DANIELLE

Mir hunn an de leschte Stonnen e richtegen Temperaturstuerz erlieft. Laang hält dësen awer net un, well et geschwënn erëm däitlech méi waarm gëtt.

Kill bis de Sonnden inclus

Bis de Sonnde mat bestëmmt en Déifdrockgebitt eist Wieder, duerch dat och méi kill a fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg transportéiert ginn. D’Temperature klammen dagsiwwer just nach op e Maximum vun ëm 20 Grad. Fir déi nächst Woch steet awer scheinbar eng Iwwerraschung an d’Haus, déi dann dem Ex-Hurrikan DANIELLE zouzeschreiwen ass.

Ex-Hurrikan als Wiermt-Schëpp

Den Ex-Hurrikan DANIELLE, deen zu deem Zäitpunkt dann en aussertropesche Stuerm ass (en huet also all d’Eegeschafte vun engem tropesche Stuerm verluer), soll de Méinden un déi portugisesch/spuenesch Küst treffen a sech vun do aus weider westlech vu Frankräich verlageren. Duerch déi grouss Déifdrockzon, déi doduerch entsteet, kënnt et zu enger richteger Wiermt-Schëpp, déi duerch d’Dréibeweegung vum Déif nach eng Kéier e gudde Batz Wiermt aus dem Mëttelmierraum op Mëtteleuropa eropdréckt. Dat heescht, dass et wuel nach eng Kéier summerlech waarm zu Lëtzebuerg ka ginn.


Déi viraussiichtlech Situatioun fir den Ufank vun der nächster Woch | Grafik: wxcharts.com

Fir de Méinde gi Maximaltemperature vun tëscht 23 a 26 Grad erwaart, den Dënschden soll et 25 bis 28 Grad waarm ginn. De Mëttwoch wier et mat 24 bis 26 Grad zwar ëmmer nach summerlech waarm, mee d’Wäerter sinn dann definitiv schonn erëm um Wee no ënnen. Mir schwätzen also dann och erëm vun iwwerduerchschnëttlech héijen Temperature fir d’Joreszäit.