Ausbléck: Weekend erëm méi wanterlech, Chancen op Flacken?

Wéi gëschter am Wochenausbléck ugedeit, bleift d’Wieder dës Woch net esou wéi et elo ass. Iwwer Skandinavie leie wanterlech Loftmassen, déi nëmmen op de richtege Moment waarden.

D’Situatioun

De Moment leie mir ënnert enger variabler Westwiederlag, déi geschwënn awer kéint ënnerbrach ginn. D’Modeller si sech driwwer eenz, dass sech fir de Weekend en Héichdrockgebitt soll iwwert den ëstlechen Atlantik leeën. Dëse géif sech vu Spuenien & Portugal aus bis ganz erop an Island & Skandinavien erstrecken, wat dozou féiert, dass d’Déifdrockstrooss, déi vum Atlantik hier kënnt, géif ënnerbrach ginn. Eng entscheedend Roll spillt déiwe Loftdrock, deen iwwert dem Mëttelmierraum läit a sech bis an de Balkan erstreckt.


Dës Animatioun weist, wéi sech d’Grousswiederlag ëmstellt | Animatioun: wxcharts.com

Well sech d’Loftmasse ronderëmt en Héich mat der Auer dréinen a ronderëmt en Déif géint d’Auer, entsteet eng zimmlech kill nordëstlech Stréimung. De meeschte Modeller no verleeft dat ouni nennenswäert Nidderschléi, mee et ginn trotzdeem och eenzel Léisungen, déi fläit déi eng oder aner Schnéiflack gesinn. Mir kucken eis dat elo méi genee un.

De Verlaf

Dëse Changement ass nach net fir haut a muer. Haut um Mëttwoch hu mir mol nach Maximaltemperature vun tëscht 7 an 10 Grad ze erwaarden, dobäi reent et mol nach zimmlech oft a vill duerch kräfteg Schaueren. De Wand ass ëmmer nach en Thema a kann duerchaus mol 75 km/, punktuell awer och ëm 80 km/h erreechen. Muer um Donneschde reent et manner, dat nach bei 6 bis 8 Grad.

Vum Freiden u spiert een den Effekt awer: Fir d’éischt gi Maximaltemperature vun tëscht 5 a 7 Grad erreecht, ier d’Temperature virun allem dem europäesche Modell no zimmlech séier kéinte falen. Fir géint 18 Auer rechent de Modell am Norde nach Wäerter vun ëm -1 Grad, am Südoste wieren et nach 2 Grad. Dem amerikanesche Modell no géife mir eréischt um fréie Samsdemoie bei ëm 2 bis 4 Grad ukommen. Fir e Samsden rechent den amerikanesche Modell nach mat Maximalwäerter vun tëscht 2 a 4 Grad, den europäesche Modell ass mat tëscht 1 a 4 Grad ënnerwee. Dir mierkt: Et gi nach e puer Ënnerscheeder an de Kaarten, an trotzdeem weisen déi zwee en däitleche Réckgang vun eisen Temperaturen.


De Changement fir e Freiden | Animatioun: wxcharts.com

Fir e Sonnde wieren dem amerikanesche Modell no nach 0 bis 3 Grad am Dag dran, den europäesche Modell geet op eng méi kal Variant hin a weist -3 bis 0 Grad. Fir duerno rechnen déi zwee Modeller bis an déi zweet Hallschent vun der nächster Woch eran weiderhi mat wanterleche Konditiounen.

A wéi ass et mam Schnéi?

Well et sech vum Weekend un haaptsächlech ëm Héichdrockafloss handelt, falen d’Nidderschléi minimal aus. Dat heescht: Et si keng riseg Schnéizommen ze erwaarden. Wat awer méiglech ass ass Gefisems a Form vu Schnéi-Gegrimmels – Dir wësst nämlech: Héije Loftdrock am Wanter ass oft mat Niwwel verbonnen, a Niwwel ebe mat geréngfügegem Nidderschlag. Dëst heescht elo net, dass et och bis an déi nächst Woch era nëmme gro bleift. Et kann och Deeg ginn, un deene sech de Niwwel mat Chance opléist an d’Sonn sech duerchgesat kritt.