Ausbléck: Wéi d’Chancen op Schnéischaueren an de nächsten Deeg stinn

Am Wochenausbléck vu gëschter hate mir gesinn, dass net all ze vill Nidderschléi ënnerwee sinn. An awer besteet fir eis Wanterfrënn eng kleng Chance op eenzel Schnéischaueren.

Advertisement

Wanterlech Temperaturen, Schnéi awer méi rar

D’Keelt wäert sech an de nächsten Deeg ëmmer méi bemierkbar maachen. Sou gutt et geet probéiert sech héije Loftdrock bei eis duerchzesetzen, dotëscht geroden awer trotzdeem duerch kleng Schlupflächer eenzel kleng Déifdrockgebitter duerch, déi zäitweis fir Schnéischauere suerge kënnen.

Dem engen oder anere Modell no soll dat schonn elo an der Nuecht op de Mëttwoch de Fall sinn. Berechent gëtt eng kleng Warscheinlechkeet fir Schnéischaueren fir d’Muselgéigend. Vergläicht een dat awer mam momentane Radarbild, da sollt et wuel gréisstendeels awer iwwert den äusserste Nordoste vu Frankräich an d’Saarland & BaWü eriwwerzéien. Duerch déi niddereg Temperaturen an de Niwwel deen sech forméiere kann besteet awer am ganze Land de Risk vu glate Streckenofschnëtter.


De Verlaf vun de Nidderschléi fir de Rescht vun der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Muer um Mëttwoch selwer sollt näischt schnéiméisseges erofkommen, dofir sinn awer eenzel sonneg Momenter méiglech falls sech de Niwwel opgeléist kritt. D’Modeller ECMWF an ICON gesinn fir de fréien Donneschdemoien eng kleng Warscheinlechkeet fir Schnéischaueren, déi sech iwwert den äusserste Norden ewechbeweegen. Zréckzeféieren wier dat op e weidert immens klengräimegt Déifdrockgebitt, dat sech iwwer Norddäitschland beweegt. Iwwerdeems déi meescht Modeller näischt fir de Freide berechnen, gesäit den ECMWF e weidert klengt Déif vun der Nordséi hier a Richtung BeNeLux gezu kommen – dat mat Schnéischaueren. Mee och dat ass éischter als onwarscheinlech anzestufen.

De Fazit: An de nächsten Deeg si Schnéischaueren éischter rar, nëmme punktuell trieden se op. Vun de Quantitéiten hier brénge se och net besonnesch vill.

Grousst Schnéifallgebitt de Weekend

De Weekend iwwer rechnen d’Modeller mat engem Déifdrockgebitt, wat sech mat sengem Kär vum südleche Polen aus an Tschechien weiderverlagert. E Sonnde soll et am Norde vu Bayern ukommen an um Wee a Richtung Westen e méi kräftegt Schnéifallgebitt iwwert der gesamter Osthallschent vun Däitschland verdeelen. Wéi no eis dat Schnéifallgebitt kënnt, ka nach net kloer gesot ginn.


Déi simuléiert Situatioun fir de Sonndemoie fréi, GFS | Grafik: wxcharts.com

De Gros vun de Modeller gesinn et sech awer schonn signifikant Ofschwächen, ier et iwwerhaapt mol hei ass. Well et nach esou laang ass, ka sech awer nach esou munches änneren. Météo Boulaide huet weiderhin alles fir Iech am Aen.