Ausbléck: Wéi et a Saache Frascht a nidderege Nuetstemperaturen ausgesäit

De Moment gëtt oft d’Fro gestallt, wéi et an de nächste Nuechte mat den Temperature virugeet.

Nuetstemperature ginn an der zweeter Wochenhallschent zréck

Mir hunn ee Weekend hannert eis, wärend deem mir nach ënner méi kille Loftmasse louchen. An Tëschenzäit hu liicht manner kill Loftmassen hire Wee op Lëtzebuerg fonnt, wouduerch eis Temperaturen an de Nuechte net méi grad esouwäit fale wäerten. Fir de fréien Dënschdemoie si beispillsweis Wäerter vun tëscht 4 a 6 Grad ze erwaarde, just an eenzelnen Däller kann et mol bis op 2 Grad erofgoen. An der Nuecht op de Mëttwoch resp. um fréie Mëttwochmoie soll et nach ee Stéckche méi mëll sinn, dat mat 4 bis 6 Grad. Vum Donneschden u gewënnt en Héichdrockgebitt méi un Dominanz iwwer Lëtzebuerg, wat dozou féiert, dass et duerch manner Wolleken an der Nuecht méi wäit ofkille kann. D’Temperature sollen den aktuelle Modellrechnunge no um fréien Donneschdemoie bei tëscht 0 an 2 Grad leien, lokal si glat Stroossen also net ausgeschloss.

Dat selecht gëlt fir de fréie Freidemoie, wou tëscht -1 an 2 Grad méiglech sinn. Och um fréie Samsden- a Sonndemoie wiere mir nach mat tëscht -1 an 3 Grad dobäi. A Richtung nächst Woch sollt et awer schonn erëm méi mëll ginn.