Ausbléck: Wéi et mam Schnéi fir déi nächst Deeg ausgesäit

Virun e puer Deeg hat et fir muer no méi groussflächegem Schnéifall ausgesinn, mee wat ass elo draus ginn? Mir kucken eis de neiste Modellstand un.

Advertisement

Advertisement

En Déifdrockgebitt ass um Wee

Muer de Moie läit en Déifdrockgebitt mat sengem Kär südlech vun de britteschen Inselen a westlech vu Frankräich. Dëst Déif wandert nëmme lues a Richtung Nordosten a wäert an der Nuecht op e Mëttwoch iwwert dem Norde vun Däitschland/Grenz zu Dänemark ukommen. Wann et de Modellrechnunge vu virun e puer Deeg nogaange wier, hätt d’Waarmfront vum Déif zu Lëtzebuerg fir sougenannten “Aufgleitschneefall” gesuergt. Dobäi drécke sech waarm Loftmassen iwwer kill Loftmassen um Buedem, wouduerch et wärend dem Ufank vum Passage mol nach zu Schnéischauere kënnt.


De viraussiichtleche Verlaf bis e Méindenowend | Animatioun: wxcharts.com

An Tëschenzäit ass dës Léisung awer aus de Modeller eraus, d’Nidderschléi vun der besoter Waarmfront passéieren eis e gutt Stéck ze wäit nërdlech. Hannert enger Waarmfront kënnt awer oft eng Kalfront, an déi erreecht eis e Méinden. De Schnéifall gouf elo also vum Sonnden op de Méinde verluecht, mee ass dat elo eng sécher Saach?

De Verlaf laut de verschiddenste Modellrechnungen

Den amerikanesche Wiedermodell rechent vum Méindevirmëtten un domat, dass aus Westen déi éischt mat der Kalfront zesummenhänkend Nidderschléi opkräizen. Dëse Nidderschlag géif bis an de fréie Nomëtten eran op de meeschte Plazen a Form vu Schnéi erofkomme, just op de ganz nidderege Plazen (z.B Musel) wier och Reen drënner.

Dem europäesche Modell no soll eis de Nidderschlag schonn e bësse méi fréi erwaarden a géif bis an de spéidere Virmëtten eran op de meeschte Plazen als Schnéi falen. Vum fréie Mëtten u géif sech de Schnéifall just nach op d’Nordhallschent vum Land begrenzen, warscheinlech op iwwer 450/500 Meter Héicht. Alles wat drënner läit, also tendenziell de ganze Rescht vum Land, kriit et mat Reen ze dinn. Vum Nomëtten un wier et iwwerall Reen.

Dem däitsche Modell ICON-EU no wier vu géint 10 Auer un mam éischte Schnéifall aus Westen ze rechnen, deen bis an de fréie Nomëtten eran op ville Plaze soll als Schnéi falen. Am Laf vum Nomëtte begrenzt sech de Schnéifall ganz séier just nach op déi héchst Plazen am Norden, iwwerdeems et soss iwwerall just nach reent.

De franséischen ARPEGE-Modell schléisst sech vum Timing hier dem däitschen ICON-EU un. De Schnéifall soll mat liichten Intensitéiten iwwert d’Bühn goen a schonn vum fréie Nomëtten un wiere just nach d’Koppen un der Rei, de Rescht vum Land hätt et mat Reen ze dinn. Spéitstens géint 17 Auer sollt et néierens méi am Land schneien, mee reenen.

Déi berechent Schnéiquantitéiten

Nordhallschent

  • GFS: 1 – 3 cm
  • ECMWF: 1 – 2 cm
  • ICON-EU: 0 – 2 cm
  • ARPEGE: 2 – 4 cm

Moyenne: 1 – 2,75 cm

Südhallschent

  • GFS: 0 – 1 cm
  • ECMWF: 0 – 0,5 cm
  • ICON-EU: 0 – 1 cm
  • ARPEGE: 0 cm

Moyenne: 0 – 0,6 cm

Laut dem aktuelle Stand sinn also keng all ze relevant Schnéiquantitéiten ze erwaarden.