Ausbléck: Wéi et mam Schnéi fir e Méinden ausgesäit

D’Thema Schnéi gëtt de Moment erëm méi interessant, dat virun allem duerch d’Loftmassegrenz Mëtt nächster Woch. Mee schonn éischter kann et bei eis wäiss ginn. Dat kucke mir eis elo méi genee un.

D’Grousswiederlag

D’Zesummesetzung vun der Wiederlag ass eigentlech “perfekt” wann een et op e puer Schnéischaueren ofgesäit. An der leschter Woch hate mir et jo meeschtens mat enger dréchener Keelt ze dinn, dat well mir ënnert enger ëstlecher kontinentaler Stréimung louchen. Se war kal, mee net fiicht genuch fir nennenswäerte Schnéi. Elo awer ännert sech d’Grousswiederlag – an zwar esou, dass de Schnéi däitlech méi warscheinlech gëtt. En Héichdrockgebitt stréckt sech vu südlech vun de britteschen Inselen bis an d’Alpen eran. Zur selwechter Zäit déiwe Loftdrock iwwert dem skandinavesche Raum.


E Méinden erwaarden eis fiicht a kill genuch Loftmassen aus Nordwesten | Grafik: wxcharts.com

Well Déifdrockgebitter géint d’Auer dréinen an Héichdrockgebitt mat der Auer, gerode mir ënnert eng fiicht, mee ëmmer nach kal genuch nordwestlech Stréimung. D’Konditioune fir op d’mannst e puer Schnéischauere klammen also däitlech un.

De Verlaf

Schonn de Moment kënnt et ganz vereenzelt zu e puer Schnéi-Grimmelen, déi eis dem Héichniwwel falen. Gëschter um Freiden ass et genee doduerch lokal dofir duergaangen, dass et liicht ugezockert war. Muer um Sonnde ginn d’Warscheinlechkeeten fir Schnéischaueren esou lues an d’Luucht, dat lues a lues vun der Mëttesstonn un.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Schnéischauere bis en Dënschden | Animatioun: wxcharts.com

An der Nuecht op e Méinden an och um Méinde selwer kann et dann a reegelméissegen Ofstänn zu e puer Schnéischauere kommen.

A wéi ass et mat de Schnéihéichten?

Duerch d’Schnéischauere ka natierlech e bëssen eppes leie bleiwen. Muer um Sonnde leien d’Maximaltemperaturen tëscht -2 an 1 Grad, e Méinde si mir och erëm bei meeschtens -1 bis 1 Grad ënnerwee. De wäermste Fleck am Land ass, wéi esou oft natierlech, erëm d’Muselgéigend. Do kann et sech dann méi oft ëm Schnéireen handelen wéi Schnéi. Dëst sinn d’Schnéihéichten, déi de Moment fir déi verschidde Regioune vun de Modeller berechent ginn:

Nordhallschent

  • GFS: 0,5 – 4 cm
  • ECMWF: 0,5 – 1 cm
  • ICON-EU: 0,5 – 2 cm
  • ARPEGE: 2 – 6 cm

Moyenne: 0,9 – 3,25 cm

Südhallschent

  • GFS: 0,2 – 1 cm
  • ECMWF: 0,1 – 1 cm
  • ICON-EU: 0,2 – 1,2 cm
  • ARPEGE: 0 – 2 cm

Moyenne: 0,13 – 1,3 cm

D’Quantitéite sollten also net all ze grouss ausfalen. Et gi just e puer eenzel Modeller, déi net hei opgefouert sinn, déi lokal un den 10 cm krazen – et ass also och eng Optioun, wann och manner warscheinlech.

Wéi esou oft sollt ee sech als Wanterfrënd also net all ze vill fir e Méinden an Dënschden erhoffen. Och fir e Mëttwoch sollt een d’Saach de Moment mol nach mat Virsiicht genéissen – mat “Chance” (je aus wéi enger Siicht gesinn) stinn do awer däitlech méi grouss Schnéihéichten zur Optioun.