De Reen fokusséiert sech och an de nächsten Deeg leider net flächendeckend op dat ganzt Land. Just op eenzelne Plaze si nennenswäert Quantitéiten ze erwaarden, déi een am Viraus awer net ausfanneg maache kann.
Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de Freidenowend spéit mat 3 bis 10 l/m², dat meescht gëtt erëm fir d’Nordspëtzt vum Land berechent. De Weste vum Land soll am mannste Naasses ofkréien.
Den europäesche Modell ECMWF rechent mat tëscht 7 a 15 l/m² an huet zwee Schwéierpunkten: D’Nordspëtzt a laanscht déi franséisch Grenz. Dat meescht dovu soll tëscht haut den Owend a muer de Moien erofkommen.
De franséischen ARPEGE rechent mat tëscht 2 a 4 l/m². De Südoste soll am dréchensten ausgoen, iwwerdeems de Nordoste vum Land de meeschte Reen ofkréie sollt. Zu gudder Lescht dann och nach den däitschen ICON, deen tëscht 0 a 4 l/m² an der Simulatioun huet. Tendenz: de Norde gëtt am naassten.
Fazit: Den amerikanesche GFS an den europäeschen ECMWF ginn en Hiweis drop, wat am Fall vun enger méi kräfteger Schauer- oder Donnerwiederzell méiglech ass. Meeschtens sollten d’Quantitéiten awer drënner bleiwen. Den ARPEGE kéint fir déi meescht Plazen am Land am realisteschste sinn.