Ausbléck: Wéi gesäit et aus mam Stuermpotenzial an de nächsten Deeg?

Westwiederlage, wéi mir se de Moment hunn, sinn typesch fir potenziell Periode mat Stuerm. Mol kucken, ob sech a nächster Zäit eppes bei eis doe kann.

Advertisement

Schonn Deeg a Woche laang ass et zimmlech lefteg zu Lëtzebuerg, zäitweis ass et och schonn fir méi stiermesch Ofschnëtter duergaangen. E richteg ausgewuessene Stuerm hate mir bis elo awer nach net. Ka sech dat awer duerch déi weider Westwiederlag a nächster Zäit änneren?

Fir déi nächst Deeg ginn et ëmmer erëm Signaler fir lefteg bis hin zu stiermesch Situatiounen. Eng vun dëse Situatiounen hu mir en Donneschdemoie, wou eis e méi kräftegt Wandfeld usteet. Stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 65 an 80 km/h sinn duerchaus méiglech. Vum Donneschdenomëtten u berouegt sech d’Situatioun erëm e bëssen, lefteg bleift et awer trotzdeem.


D’Berechnung vum ECMWF fir den Donneschdemoien | Grafik: wxcharts.com

De nächsten Zäitpunkt soll de Samsdenowend sinn: Fir e kuerze Moment rechent den amerikanesche GFS mat Stuermstéiss bis hin zu 85 km/h. Um Sonndemoie sollt sech dat Ganzt erëm berouegt hunn. Den europäesche Modell gesäit d’Situatioun e bësse méi entspaant an huet just méi kräfteg Wandstéiss an der Berechnung.


D’Berechnung vum GFS fir de Samsdenowend | Grafik: wxcharts.com

Och bis wäit an déi nächst Woch era bleift et lefteg, zäitweis kënne sech kuerzfristeg stiermesch Situatiounen an de Modellkaarten opdinn. E richteg ausgewuessene Stuerm mat orkanaartege Wandstéiss, sou wéi mir se aus de leschte Wantere kennen, sinn de Moment awer net um Schierm.