Ausbléck: Wéi naass gëtt et bis de Mëttwoch inclus?

An der neier Woch hu mir et duerch eng gréisstendeels westlech Stréimung oft mat Nidderschléi ze dinn. Wéi vill kënnt iwwerhaapt bis de Mëttwoch mat erof?

Et bleift variabel

Bis de Mëttwoch kréie mir et duerch d’Grousswiederlag ëmmer erëm mat Nidderschléi ze dinn. Bis dohinner loossen et d’Temperaturen och zou, dass besonnesch op de Koppen esou munches vum ganze Nidderschlag erëm als Schnéi erofkomme kann. Soss ass et gréisstendeels Schnéireen an op de niddregste Plaze Reen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de Mëttwoch inclus mat 3 bis 9 l/m², dat meescht dovu soll un der Nordspëtzt an och laanscht den äusserste Süde vum Land erofkommen. Den europäeschen ECMWF ass mat 3 bis 7 l/m² dobäi a berechent am Osten de mannste Nidderschlag, iwwerdeems et am ganze Rescht vum Land zu gläichméisseg verdeelte Nidderschléi komme soll.


De Nidderschlag bis de Mëttwoch inclus, dem däitschen ICON-Wiedermodell no. | Grafik: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE ass wat d’Verdeelung ugeet där selwechter Meenung wéi den ECMWF, mee vun de Quantitéiten hier solle just tëscht 1 an 3 l/m² falen. Den däitschen ICON rechent, anescht wéi déi aner, am Oste mam meeschte Nidderschlag. Am ganze sollten duerch d’Land verdeelt tëscht 2 a 6 l/m² falen.

Bezitt ee sech op déi ausgesicht Modeller, da solle bis de Mëttwochowend spéit tëscht 2,25 a 6,25 l/m² erofkommen.