Ausbléck: Wéi steet et ëm wäiss Chrëschtdeeg?

Wéi et zu dëser Joreszäit normal ass, ginn ech a leschter Zäit oft gefrot, wéi et dann ëm wäiss Chrëschtdeeg steet. Hei ass en éischte Bléck op d’Wieder ronderem Chrëschtdag.

Schnéi konnt sech bisewell net behapten

Sou wéi et sech de Moment entwéckelt a sou wéi de Wanter och bisewell war, kann ee sech schon e klengt Bild doriwwer maache, wéi et virugoe kéint. De Schnéi ass sech jo scho weise komm, mee konnt sech nach keng Kéier iwwer eng méi laang Zäit halen. Dat eenzegt wat et gouf, war méi laang unhalende Frascht, wou d’Temperaturen och scho méi déif an de Keller gaange sinn. Plazeweis goufe nämlech schon em -8 Grad gemooss.

De Schnéi haat bisewell also keng Chance – wéi gesäit et dann fir déi Zäit ronderem Chrëschtdag aus? Stand aktuell: zimmlech schlecht. Sou wéi d’Modellrechnungen et de Moment gesinn, soll et iwwert de genannten Zäitraum ze waarm fir d’Joreszäit sinn. D’Temperature bei eis um Buedem, also an 2 Meter Héicht, sollte sech sou wéi et elo ausgesäit, tëscht 3 an 8 Grad am Dag ophalen. Eenzeg an de Nuechte schéngt et sou, wéi wann och mol Frascht méiglech wier.

Grafik: meteociel.fr

Viraussiichtlech ze waarm em d’Chrëschtzäit

Liicht positiv Temperaturanomalie méiglech

Hëlt een d’Kaart, déi een ënnert dësem Post gesäit dobäi, dann ënnersträicht dat nachemol, dass d’Chancen net sou gutt stinn. An enger Héicht vun ongeféier annerhalwem Kilometer gëtt vum amerikanesche GFS eng Anomalie vun ëm 4 Grad an driwwer gerechent – et kéint also 4 Grad méi waarm ginn, wéi dat, wat soss ronderëm d’Chrëschtdeeg normal wier.

MEE: Dat ass den AKTUELLE STAND vun de Modeller. Natierlech kënne sech nach Saachen änneren, déi eventuell awer nach d’Chance op e bësse Schnéi an d’Luucht drécke kéinten. Et sollt ee sech awer net ze vill erwaarde, well d’Wahrscheinlechkeet fir gréng Chrëschtdeeg am Allgemenge besser stinn wéi dass et wäiss gëtt.

Grafik: pivotalweather.com