Ausbléck: Wéi vill et bis ewell am Oktober gereent huet a wat nach am November kënnt

Reen, Reen a nach méi Reen – iergendwann schléit et op d’Gemitt! Wéi vill huet et eigentlech dëse Mount schonn gereent, a geet et am November riicht esou virun? Mir geheien e Bléck an d’Zukunft.

Advertisement

Wéi vill et bis ewell gereent huet

Vun engem Reendefizit kann een dëse Mount definitiv net schwätzen. Et muss ee kee Meteorolog sinn fir ze erkennen, dass den Oktober bis ewell vill ze naass war. Wa mir eis reng op d’Radar-Donnéeë bezéien, da stellt sech eraus, dass et op dat ganzt Land gekuckt bis ewell tëscht 70 a knapp iwwer 130 l/m² gereent huet. Dat meescht ass am Westen/Nordweste vu Lëtzebuerg erofkomm, net wäit ewech vu Brattert weist de Radar 139 l/m². Am “dréchenste” war et am äusserste Süden, knapp westlech vu Fréiseng, wou grad emol 80 l/m² gemooss goufen.

Um Findel soll et de momentane Miessunge no ëm 100 l/m² gereent hunn, woubäi d’Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht besteet, dass déi duerchschnëttlech Nidderschlagsquantitéit an engem Oktober bei 76,2 l/m² läit. Mir leien also, vun offizieller Säit aus gesinn, däitlech driwwer – et ass also iwwerduerchschnëttlech naass.

Allgemeng Aussiicht bis den 10. November

Natierlech ass dëst net als Prognos unzegesinn, mee méi als Interpretatioun vun de momentane Modellrechnungen. Wat den amerikanesche Wiedermodell GFS ugeet, rechent dësen bis den 10. November inclus mat Quantitéite vun ëm 170 l/m² am Westen a Nordwesten, iwwerdeems soss 100 bis 125 l/m² sollen erreecht ginn. Vergaange Leef vun dësem Modell weisen all immens héich Reequantitéiten, wat also bedeit, dass d’Warscheinlechkeet vum Antreffen guer net mol esou geréng ass.


D’Reequantitéite bis den 10. November laut GFS-Modell | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Modell rechent zwar nach net esou wäit. Wat een awer kucken kann ass d’Berechnung bis de 5. November inclus. Simuléiert ginn bis ëm 100 l/m² laanscht de Westen, soss leie mir meeschtens tëscht 60 an 80 l/m².

De Fazit

Natierlech wäerten déi definitiv berechent Reequantitéite nach méi oder manner variéieren. Sécher ass awer, dass et wuel zimmlech naass wäert viru goen, an dat bis an de November eran.