Ausbléck: Wéi vill Reen erwaart eis an der neier Woch?

No enger naasser Woch hofft ee natierlech, dass déi nächst op d’mannst e bësse manner naass ausfällt. Mir geheien e Bléck op déi neist Modellrechnungen.

Advertisement

Och mol héije Loftdrock dotëscht

Generell hu mir et an der nächster Wiederwoch reegelméisseg mat Déifdrockafloss ze dinn, an awer ka sech zäitweis och e bëssen héije Loftdrock dotëschtdrécken. Doduerch wäert d’Woch viraussiichtlech net esou naass ginn wéi déi, déi an e puer Stonnen op en Enn geet.


Déi akkumuléiert Reequantitéite bis de nächste Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

De Berechnunge vum europäesche Wiedermodell no ass an der nächster Woch am ganze mat tëscht 20 a knapp 50 l/m² Reen ze rechnen, och den amerikanesche Modell gesäit tëscht 25 a knapp eppes iwwer 40 l/m² op eis duerkommen. Domat wiere mir also däitlech ënnert dem, wat dës Woch esouguer an Zäit vu just 2 Deeg gefall ass – nämlech gutt 50 l/m².

Déi meescht Nidderschléi sollen tendenziell an der leschter Wochenhallschent erofkommen.