Am Bléck op de Weekend hu mir jo gesinn, dass eis kee wierklech agréabelt Wieder usteet. Fir déi, déi et genee wëlle wëssen, kucke mir op d’Reequantitéiten déi bis e Sonnden inclus erofkomme kënnen.
Modeller mat kenge groussen Differenzen
De Weekend iwwer ginn et zwar Onsécherheeten doriwwer, wéi sech eist momentant Déifdrockgebitt tatsächlech iwwert eis ewechbeweege wäert – Mee egal wéi ee Wee et hëlt, gëtt et gutt naass zu Lëtzebuerg.
Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit vun elo bis e Sonnde mat Quantitéite vun tëscht 30 a 48 l/m² op eis duerkommen. Den europäesche Modell ECMWF gesäit dat net vill anescht an ass mat tëscht 30 a 40 l/m² dobäi. Den däitschen ICON setzt méi wäit ënnen un, mécht awer mat 20 bis 40 l/m² keng grouss Differenz. Och de franséischen ARPEGE ass der Meenung, dass eis an de nächsten Deeg e bëssen eppes u Reen usteet: tëscht 25 a 40 l/m² gi berechent.
Hëlt een d’Moyenne vun de jeeweilege nidderegsten an héchste Wäerter, da kënnt een bei tëscht 26,25 a 42 l/m² Reen eraus, déi bis e Sonnden inclus zu Lëtzebuerg kënnen erofkommen. No de villen dréchene Phasen aus der Vergaangenheet wäert sech d’Natur sécherlech driwwer freeën.