Ausbléck: Wéi vill reent et bis de Freiden? A wou am meeschten?

Hëlt een d’Period vum Méinde bis haut, dann huet et, wéi virausgesot, wärend der Zäitspan vu gëschter bis elo am meeschte gereent. Wierklech grouss Quantitéite waren awer net ze erwaarden a goufen och keng observéiert.

Keng gréisser Quantitéiten an Aussiicht

An de nächsten Deeg ginn d’Meenunge vun de Modeller rem deelweis méi wäit auserneen. Den amerikanesche GFS rechent mat 5 bis 9 l/m², dat meescht dovu soll haut a muer falen. De “Schwéierpunkt”: de Südosten. Den europäeschen ECMWF rechent mat 2 bis 9 l/m², dat meescht soll muer um Donneschden erofkommen. De meeschte Reen wier un der Nordspëtzt vum Land ze erwaarden.

Mat däitlech manner Reen ass de franséischen ARPEGE ënnerwee, dee grad mol 1 bis 3 l/m² simuléiert. Och dësem Modell no soll et an der Nordhallschent tendenziell am naasste ginn. Den däitschen ICON ass mat 2 bis 10 l/m² a rechent am Südoste vum Land mam meeschte Reen. A Richtung Westen/Nordweste soll et am mannste naass ginn.

Och iwwert de Weekend eraus kann et zäitweis mol kuerz an e bësse naass ginn, gréisser Quantitéite sinn awer keng an Aussiicht.