Ausbléck: Wéi vill reent et bis de Mëttwoch inclus?

Wéi am Wochenausbléck betount, erwaart eis eng zimmlech variabel Woch. De Reen ass also eppes, wat mir méi oft mat eis droe wäerten.

D’Natur freet sech

Dës Kéier si sech déi véier Modeller, déi ech ëmmer fir dës Artikelen aussichen, eenz, dass mir et bis de Mëttwoch mat nennenswäerte Reequantitéiten ze di kréien.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass vun elo un bis de Mëttwoch inclus mat tëscht 10 a 25 l/m² dobäi a gesäit de Maximum laanscht den Oste vum Land resp. bis ganz an de Südosten erof. Den europäeschen ECMWF rechent mat e bësse manner Reen, tëscht 8 a 14 l/m² sollen erofkommen – dat virun allem am äusserste Nordosten. De franséischen ARPEGE huet d’Hallschent dovun an der Berechnung, also 4 bis 7 l/m² an ass der Meenung, dass de Südoste vum Land am naasste gëtt. De Schluss markéiert dann den däitschen ICON, dee mat tëscht 6 a 15 l/m² dobäi ass – woubäi och erëm de Südosten déi Géigend soll sinn, wou et am naasste soll ginn.

Zitt een de Fazit aus alle véier Berechnungen eraus, da kënnt een op Reequantitéite vun tëscht 7 a 15,25 l/m², déi bis de Mëttwoch inclus iwwer Lëtzebuerg erofkomme sollen. Tendenziell gesinn all déi ausgesicht Modeller a Richtung Südosten de meeschte Reen.