Ausbléck: Wéi vill reent et dës Woch zu Lëtzebuerg?

An dëser Woch gëtt et zwar méi mëll, mee de Reen bleift ëmmer nach net aus. Mir kucken eis un, wéi vill erofkënnt an och wéi eng Deeg déi naasst ginn.

Advertisement

Variabel Grousswiederlag bréngt naass Ofschnëtter

Et ass änlech wéi d’lescht Woch: Et kënnt zu naassen Ofschnëtter, mee ganz an d’Waasser fale wäert d’Woch awer net. Meeschtens hu mir et mat schaueraartege Nidderschléi ze dinn – Reen, deen sech direkt iwwert e puer Stonnen zitt, ass de manner warscheinlechen Zenario.

Den europäesche Modell rechent bis a genee enger Woch zesummegerechent Reequantitéite vun tëscht 20 an eppes iwwer 30 l/m², laanscht de Weste vum Land soll dat meescht erofkommen. Den amerikanesche Modell gesäit tëscht grad emol 15 an 30 l/m² op eis duerkommen, iwwerdeems dat meescht am Nordoste soll falen. Eppes dotëscht rechent dann den ICON-Modell, dat mat 15 bis 40 l/m² . Dir mierkt: D’Opdeelung ass ënnerschiddlech, an awer gesäit kee vun dëse Modeller immens grouss Quantitéiten op eis duerkommen.


D’Reequantitéiten bis a genee enger Woch | Grafik: wxcharts.com

Vun de naasste Momenter hier hu mir schonn déi vergaange Nuecht hannert eis. De nächste Moment, an dem et méi ka reenen, ass an der Nuecht op e Mëttwoch. A Richtung Weekend kommen e puer Schaueren dobäi, och en eenzelt Donnerwieder ass net onméiglech. De ganze Verlaf vun der Woch fannt Dir hei.