Ausbléck: Wéi vill reent et nach bis Enn der Woch?

Iwwert de groussen Deel vun de méigleche Nidderschlagsquantitéiten entscheed muer e Randdéif, mee och e Samsden zitt nach eng Kéier eng Kalfront mat bësse Reen duerch.

De Reen léisst nach net labber

Ween hätt et geduecht, mee mir mussen eis och an de nächsten Deeg nach mam Reen befaassen. Muer kréie mir eis duerch e Randdéif an de Weekend selwer suergt och nach eng Kalfront fir e puer Nidderschléi. Mee wéi vill soll dann do nach erofkommen? Mir maachen en Iwwerbléck a vergläichen e puer Modeller mateneen.

  • GFS: 30 – 55 l/m²
  • ECMWF: 20 – 40 l/m²
  • ICON-EU: 35 – 40 l/m²
  • UKMO: 50 – 65 l/m²

Duerchschnëttlech si mir also bei tëscht 33,4 a 50 l/m² ënnerwee. De naassten Dag wier also muer den Donneschden an dann viraussiichtlech nach eng Kéier d’Owesstonne vum Samsden, wou eng Kalfront duerchzitt.


D’Nidderschléi bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Wat een awer och nach Trouscht-méisseg ka soen ass, dass et beispillsweis am Laf vum Freidenomëtten zu sonnegen Ofschnëtter ka kommen. Dat selwecht gëllt och fir de Sonnden, wou et tëscht de Schauere ka sonneg ginn.