Ausbléck: Wéi warscheinlech schneit et de nächste Weekend?

Dëst ass den éischten Artikel vun enger klenger “Serie” un Updates iwwer d’Wanterwieder, wat eis ënner Ëmstänn Enn der Woch ustoe kéint. Dass awer nach laang net alles an dréchenen Dicher ass, gitt Dir elo gewuer.

Modellrechnunge schwanke staark

Op den diverse Mediesäiten, haaptsächlech an Däitschland, kurséiere schonn erëm Artikelen mat räissereschen Iwwerschrëften – de Grond: eng kleng Warscheinlechkeet vum éischte Schnéi bis an dat méi héicht Flaachland. Dat ganzt ass awer nach alles anescht wéi sécher an dowéinst kommen elo dës Woch haut, de Mëttwoch an och de Freiden objektiv betruecht Updates eraus an deene mir kucken, wéi et wierklech a Saache Schnéi ausgesäit.

D’Deeg, déi eis an dësem Artikel interesséiere, sinn den Donneschde, Freiden a Samsden. Aus aktueller Siicht gesi sollen eis do polar Loftmassen aus nordwestleche Richtungen areeche, wouduerch et dagsiwwer däitlech ofkille wäert. Och an de Nuechte kéim, wa sech dës Berechnungen duerchsetzen, de Frascht erëm. Fir ze weise, wéi volatil dës Berechnungen awer sinn, musse ee soen, dass de Weekend iwwer erëm vill méi mëll Modellrechnungen dotëschtgerechent goufen, déi et quasi ausschléissen, dass mir de nächste Weekend iwwerhaapt eng Flack kënne gesinn. D’Wouerécht am Moment ass also déi, dass wuel eng gewëss Warscheinlechkeet fir eenzel Flacken tëscht dem Donneschden an dem Samsden inclus besteet, mee nach kee soe kann, ob dat och wierklech esou komme wäert. D’Modellrechnunge hu sech bis ewell nach net fix op ee bestemmten Zenario fixéiert. An de nächsten Deeg, an och an de nächsten Update (kënnt de Mëttwoch) wäert ee schonn e bësse méi veroode kënnen.


De viraussiichtleche Polarloft-Virstouss vum Donneschden un | Animatioun: wxcharts.com

Viraussiichtlech Situatioun vum Donneschde bis de Samsden

Dës Zeile beschreiwe, wéi et de momentane Modellrechnunge no vum Donneschde bis de Samsden inclus kéint ginn:

Den Donneschde passéiert eis am Laf vum Dag eng Kalfront, hannert där däitlech méi kill an och polar Loftmassen eragefloss kommen. Ier dat geschitt, si nach eng Kéier Maximaltemperature vun tëscht 8 an 12 Grad ze erwaarden. Wärend dem Kalfrontpassage falen d’Temperaturen e gutt Stéck, all ze vill Nidderschléi sollen iwwerdeems awer net erofkommen. An der Nuecht op de Freide sollen erëm e puer eenzel Schauere kënnen ënnerwee sinn, dobäi ginn d’Temperaturen op e Minimum vu viraussiichtlechen 3 bis -1 Grad zréck. Sollt et esou kommen, da kéinte sech eenzel Flacken ënnert de Reen mëschen (just op den héchste Koppen). Um Freide soll et gréisstendeels dréche bleiwen, mee kill. Et gi just nach Maximalwäerter vu 5 bis 8 Grad areecht, an eenzelnen Däller kéinten d’Wäerter esouguer drënner hänke bleiwen. An der Nuecht op de Samsde sollen d’Temperaturen erëm bis op de Gefréierpunkt fale kënnen, iwwerdeems aus Weste nei Nidderschléi méiglech sinn. Den een oder anere Modell wëll et net ausschléissen, dass d’Warscheinlechkeet fir Schnéiflacken op den héchste Koppe besteet. Ob et awer wierklech dofir duergeet, wees elo nach keen. Op alle Fall wier dat keen Wanterabroch an et géif sech em kaum nennenswäert Quantitéiten handelen.