Ausbléck: Wéi wierkt sech d’Stuermgefor an de nächsten Deeg op Lëtzebuerg aus?

An de nächsten Deeg steet jo, wéi gesot, en Ëmschwong un. Schold drun sinn Déifdrockgebitter (Stierm), déi mat hire Kären a Richtung Skandinavien & Dänemark zéien. D’Fro ass elo, wéi sech de Wand op Lëtzebuerg auswierke wäert.

Advertisement

Stuerm mécht sech iwwert der Nordséi breet

Nodeems et schonn an de nächste Stonnen an Deeg méi stiermesch wàert sinn iwer Nordengland, mee awer och der Nordséi am grousse Ganzen, trëfft de Freidemoie viraussiichtlech e méi kräftegt Stuermfeld op déi brittesch Inselen a wäert sech dann weider a Richtung Skandinavien & Dänemark ausbreeden. Den Aflossberäich vun dësem Stuerm ass awer nach e Stéck méi grouss, och Lëtzebuerg kënnt net esou ganz un dësem laanscht.


De Verlaf vum Stuermfeld bis e Samsdemëtten | Animatioun: wxcharts.com

Wat eis Géigende betrëfft gëtt et sécher e gudden Tick méi lefteg, en ausgewuessene Stuerm ass awer éischter net ze erwaarden. dem franséische Modell ARPEGE no erwaarden eis e Freide grad emol Vitesse bis 40 km/h, den europäeschen & amerikanesche Modell gesinn tëscht 40 a 60 km/h op eis duerkommen. Viru kuerzem nach war den europäesche Modell nach der Meenung, mir kriiten et mat 90 km/h ze dinn. Mir mierken also, dass de Wand fir Lëtzebuerg däitlech zréckgerechent gouf. Déi méi lefteg Phas hält warscheinlech bis e Samsden inclus un.

D’Vitessen un de Küsten, England & Skandinavien

Un de Küste laanscht de Nordweste vu Frankräich, d’Belsch & Holland kënnen duerchaus mol 90 km/h erreechen. De Norde vun de britteschen Insele kann et de Freidemoien awer mat gutt 120 km/h erwëschen, änleches trëfft och fir de skandinavesche Raum zou, dat fir de Freidenowend.