Ausbléck: Weiderhi keng all ze grouss Reequantitéiten an Aussiicht

Et ass ëmmer nach net mat nennenswäertem Reen ze rechnen, op mannst net sou, dass sech d’Modeller driwwer eenz sinn.

Optimismus hält sech a Grenzen

Den amerikanesche Modell GFS ass dës Kéier mat optimisteschen 1 bis 5 l/m² dobäi. Am Norde soll bal näischt falen, iwwerdeems am Südoste vum Land dat meescht ze erwaarde wier. Wat den ECMWF ugeet kann ee net méi vill vun Optimismus schwätze, well dësen erëm just 0 bis 1 l/m² berechent.

Deem wierkt de franséischen ARPEGE awer erëm dogéint: dëse Modell rechent mat tëscht 2 an 10 l/m². De meeschte Reen soll am Oste vum Land am Raum Iechternach / Befort erofkommen. Ob dës méi héich Quantitéiten awer areecht gi kann ee mat guddem Gewëssen a Fro stellen.

Den däitschen ICON rechent erëm mat 0 bis 1 l/m². Kuckt een dat, wat déi eenzel Modeller an de leschten Deeg virausgesot hunn a vergläicht een dës Berechnunge mat den tatsächlech gefalene Quantitéiten, da kann een dovun ausgoen, dass et och a nächster Zäit ze dréche wäert virugoen.

De Grond fir de berechnete Reen bis de Mëttwoch ass eng Stéierung, déi eis an dëser Nuecht (Nuecht op den Dënschde) passéiere wäert. Ausserhalb vun dëser Zäitfënster wäert et quasi net reenen, leider.