Ausbléck: Weiderhi net vill Reen iwwert de Weekend

Am Virmëtte koum et plazeweis zu geréngfügegem Nidderschlag. Och de Weekend iwwer ass net wierklech mat grousse Quantitéiten ze rechnen.

Ëmmer nach keng gréisser Reequantitéiten a Siicht

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat 0 bis 4 l/m², déi bis de fréie Méindemoien erofkomme sollen. Am mannste reenen, also quasi guer net, soll et dobäi am Südoste vum Land.

Den europäesche Modell ECMWF rechent mat 0 bis 2 l/m² an ass, genee wéi de GFS, och där Meenung, dass am Südoste vum Land am mannsten zesummekënnt.

De franséischen ARPEGE rechent mat tëscht 0 an 1 l/m². Iwwerhëlt een d’Berechnung 1:1, da wier erëm eng Sträif am Südoste vum Land wou tendenziell sou gutt wéi näischt fale soll… also nach manner wéi souwisou schon.

Och den däitschen ICON weist sech dem Reen géigeniwwer zimmlech pessimistesch. Tëscht näischt an héchstens ëm 1 l/m² gëtt vun dësem Modell berechent. De meeschte Reen soll knapp nordwestlech u Lëtzebuerg laanschtgoen.