Ausbléck: Weiderhi vill Reen fir grouss Deeler vun Europa

De Stuerm CIARÁN huet déi europäesch Wiederkichen esou richteg opgewullt – Dat net nëmmen a Saache Wand mee och schroen Iwwerschwemmungen, wéi beispillsweis an der Toskana. Mir geheien e Bléck op de Reen bis e Mëttwoch.

Advertisement

Westwiederlag bleift

A nächster Zäit deet sech den héije Loftdrock weiderhi schwéier. Aus Westen kënnt een Déif nom aneren eragezunn, wat doduerch och ëmmer erëm fir Reen suergt. Iwwer Europa verdeelt ginn et erëm e puer Hotspots, iwwert deenen bis de Mëttwoch erëm uerdentlech eppes kann erofkommen. Dës kucke mir eis elo un.


D’24 Stonne-Reenzommen bis e Mëttwoch inclus | Animatioun: wxcharts.com

Portugal a Spuenien

Fänke mir direkt am Südwesten un, nämlech a Portugal & Spuenien. Bis e Mëttwoch inclus rechnen d’Modeller virun allem am äusserste Nordweste vu Portugal mat markante Reenzommen, tëscht 100 an 160 l/m² si méiglech, besonnesch ronderëmt Braga. Op der spuenescher Säit, am Raum Vigo, ass mat tëscht 150 an deels 220 l/m² Reen ze rechnen. Och laanscht déi nordwestlech Küst muss mat iwwer 100 l/m² gerechent ginn.


Déi akkumuléiert Reenzommen bis e Mëttwoch | Grafik: wxcharts.com

Frankräich

Gi mir méi wäit an de Norden, nämlech bis a Frankräich kucken. De meeschte Reen kënnt am Südwesten erof, besonnesch betraff ass awer de Küsteberäich tëscht Bayonne an Challans, net wäit vu Nantes ewech. Tëscht 90 an deels 150 l/m² sinn ze erwaarden.


Déi akkumuléiert Reenzommen bis e Mëttwoch | Grafik: wxcharts.com

Fir de Rescht gëtt et och nach am Südoste vum Land, direkt un der Grenz zu der Schwäiz an Italien, e Beräich wou zimmlech warscheinlech tëscht 50 an 100 l/m² kënnen erofkommen. Mir schwätzen hei vun engem Beräich, deen tëscht Lyon, Genf a Grenoble läit.

Nach méi wäit am Norden wäert et och iwwert dem Ärmelkanal gutt reenen, dat mat méi wéi 120 l/m². Tëscht Le Havre a Calais kéint de Reen awer deemno wéi och zu engem Deel u Land eng Roll spillen.

Holland an Däitschland

Nach méi wäit am Norde ginn et och där Plazen, wou et iwwert dem Mier selwer zimmlech vill reent an et deemno wéi och kéint op d’Festland eriwwerschwappen. E Beispill wier d’Sträif vun Zandvoort erop op Texel. Tëscht 70 an 120 l/m² wieren et.


Déi akkumuléiert Reenzommen bis e Mëttwoch | Grafik: wxcharts.com

Änlech ass et am Raum Bremerhaven an Däitschland, net wäit ewech vun Dänemark.

Italien

E Beräich, deen leider erëm besonnesch erausstécht, läit iwwert der Toskana. Knapp nërdlech a nordwestlech vu Pisa soll et bis e Mëttwoch erëm punktuell 100 l/m² reenen. Duerch den Orkan CIARÁN war an de vergaangene Stonnen an Deeg schonn immens vill Reen erofkomm, wat zu immensen Iwwerschwemmunge gefouert hat. Op d’mannst fënnef Mensche waren ëmkomm. Glécklecherweis wäerten déi grouss Reenzommen dës Kéier iwwert e gréisseren Zäitraum verdeelt falen, anet méi an Zäit vu just e puer Stonnen. Dat dierft de Risk vun Iwwerschwemmungen e gutt Stéck erofdrécken.


Déi akkumuléiert Reenzommen bis e Mëttwoch | Grafik: wxcharts.com

Slowenien, Kroatien, Bosnien a Montenegro

Vill Reen dréckt dann och widdert de Südoste vum Kontinent. Laanscht d’Küst zum Mëttelmier sinn a Slowenien a Kroatien tëscht 50 an 150 l/m² ze erwaarden.

En e bësse méi kräftegt Event kéint sech wärend dem Mëttwoch selwer iwwert dem Süde vu Bosnien a Norde vu Montenegro ofspillen, wou méi wéi 80 l/m² Reen a manner wéi 24 Stonne kéinten erofkommen.