Ausbléck: Wéini déi nächst Chancen op e bësse Schnéi bestinn

Radio 100,7: De Moment hänke mir an enger Nidderschlags-aarmer Zäit fest, wat och bedeit, datt de Schnéi ze kuerz kënnt. Ob mir geschwënn awer mat engem Changement, mat Schnéi rechne kënnen, verréit de Philippe Ernzer am Gespréich mam Simon Larosche.

D’lescht Woch soos du schonn et géif roueg bleiwen an dat ass och bis haut ëmmer nach esou bliwwen. An elo?

Et ass wierklech roueg, ze roueg schonn bal. Ëmmer erëm probéiert mol en Déifdrockgebitt dotëschtzefunken, mee esou wierklech wëll dat näischt ginn. Gréisstendeels dominéiert a regéiert héije Loftdrock iwwert eist Wieder, wat bedeit, dass och d’Nidderschléi deementspriechend ze kuerz kommen – a mam Nidderschlag ass natierlech och de Schnéi gemengt. Nodeems mir viru net all ze laanger Zäit eng fir Wanterfans flott Situatioun duerch Schnéifall haten, ass op de meeschte Plaze näischt méi dovun erëmzefannen – ausser ganz wäit do uewen am Norden op iwwer 500 Meter, do fënnt ee nach e puer Iwwerreschter vun dësem Schnéi.

Mat dësem “Schnéi vu gëschter” kann een awer net vill ufänke, mir géife gär wëssen wat elo demnächst a Saache Wanter geschitt. Ech kann Iech schonn mol soen, dass et mol nach bis muer zimmlech roueg bleift, ier um Donneschde Nidderschléi eragezunn kommen. Dës fale gréisstendeels als Reen, minimal Signaler fir Flacke ginn et an der Nuecht op de Freiden op den héchste Koppen am Land. De Freiden iwwer soll et schonn erëm méi roueg ginn, ier um Samsden erëm puer Nidderschléi mat dobäi sinn. D’Loftmasse sinn dann awer en Tick ze waarm, fir dass sech doraus e Schnéi-Zenario entwéckle kann… mir mussen also méi wäit siche goen.

Den aktuelle Kaarte no kéint sech de nächste Méinden en Héich iwwert den Ostatlantik an eng grouss Déifdrockzon iwwert den Oste vun Europa leeën. Doduerch géife fiicht a polar Loftmassen ugezaapt ginn, déi, stand elo, ufanks der nächster Woch fir e puer Schnéischauere suerge kënnen. Dëst wier dann awer och mat grousser Beweegung verbonnen, dem europäesche Modell ECMWF an och dem amerikanesche GFS no wier dobäi esouguer parallel Stuerm méiglech. Dëst Muster weist schonn erëm, dass d’Grousswiederlag weiderhin ze variabel bleiwe wäert. Fir bestännegt Wanterwieder mat e puer nohaltegen Zentimeter Schnéi ze hunn geet de stännege Wiessel vun de Loftmasse net duer. Et kann een also demnächst mat e puer ganz kuerze méi wanterleche Momenter rechnen – an zwar sou opgedeelt, dass d’Koppe vum Land déi bescht Chancen op Flacken hunn an de ganze Rescht vum Land am warscheinlechste vum Risk vu glate Stroosse betraff wäert sinn. Méi ass de Moment net dran, mee mol kucke, wat sech an de nächsten Deeg nach an de Kaarten deet.

Variabelt Wieder heescht och variabel Temperaturen??

Jo, war mir op d’Temperature vun de nächsten Deeg kucke, ginn et e puer Schwankungen – déi awer net all ze grouss sollten ausfalen. Haut um Dënschden hu mir 3 bis 6 Grad ze erwaarden, muer um Mëttwoch wieren et nach 0 bis 3 Grad. Den Donneschde sinn et 2 bis 4 Grad a wann een op de Rescht vun der Woch kuckt kéint et bis de Sonnden iergendwann och erëm fir 4 bis 8 Grad duergoen. Bis den Donneschde mat kënnt et an de Nuets- a Moiesstonne verbreet zu liichtem Frascht, glat Stroosse sinn also méiglech. An den Deeg drop geet de Risk dovun ëmmer weider zréck.