Ausbléck: Westen & Südweste kréie bis de Freiden inclus de meeschte Nidderschlag

Eng Loftmassegrenz huet eis an de nächste Stonnen an Deeg am Grëff, wouduerch mir et besonnesch laanscht de Westen an och de Südweste mat de nennenswäertste Nidderschlagsquantitéiten ze rechnen hunn.

Westen a Südweste kommen am naasste fort

Dësen Artikel beschreift d’Nidderschlagsquantitéite bis de Freiden inclus, ganz onofhängeg dovun, ob et sech dobäi ëm Schnéi oder Reen handelt.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass mat Quantitéite vun tëscht 2 a 7 l/m² dobäi a gesäit, wéi déi meescht Modeller, de meeschte Reen laanscht de Westen & och de Südweste vum Land. Dat eben duerch eng Loftmassegrenz, déi eis an der Nuecht op den Donneschden erwaart. Dës soll sech tendenziell knapp südwestlech vu Lëtzebuerg , resp. iwwert de südwestlechen Deel vu Lëtzebuerg leeën. Den europäeschen ECMWF ass mat 2 bis 13 l/m² dobäi, rechent also erëm fir de Westen an de Südweste mam meeschte Nidderschlag. Ganz am Oste soll et am mannste naass ginn.


D’Nidderschlagsquantitéite bis de Freiden inclus dem franséischen ARPEGE no | Grafik: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE rechent tëscht 10 a 25 l/m² an huet d’Loftmassegrenz méi wäit ëstlech dran. Et soll awer dobäi bleiwen, dass de meeschte Nidderschlag tendenziell am Westen & Südwesten erofkënnt. Den däitschen ICON berechent tëscht 3 a 15 l/m², dat erëm mam meeschte Nidderschlag am Westen & Südwesten. Iwwert dem Nordosten an Oste soll bal näischt falen, iwwerdeems et op der anerer Säit vum Land, un der äusserster Grenz, am naasste soll ginn.