Ausbléck: Wiederapps “duercherneen” duerch spannend Wiederlag d’nächst Woch

D’nächst Woch gëtt eng immens spannend. Et kommen esou vill Faktoren mat an d’Spill, dass déi einfach Prognosen an de Standard-Apps gäre mol immens grouss Ënnerscheeder weisen a staark hin an hier sprangen. Firwat ass dat esou? A wat steet iwwerhaapt un?

Loftmassegrenz & Randdéifer maachen et kniffleg!

D’nächst Woch kommen direkt e puer Faktore gläichzäiteg an d’Spill, déi an der Meteorologie ëmmer erëm gréisser Onsécherheeten mat sech bréngen. Engersäits hu mir eng Loftmassegrenz, déi sech soll opbauen – bei dëse besteet d’Onsécherheet doran, ob mir et mat der méi waarmer oder méi killer Säit ze di kréien. E puer Kilometer Ënnerscheed tëscht Wiedermodell a Realitéit kënne beispillsweis fir Reen amplaz vu Schnéi suergen.

Eng grouss Roll spillen dann och nach d’Randdéifer, déi berechent ginn. Ënnert engem Randdéif versteet een e klengt Déif, wat sech um Rand vun engem gréisseren Déif oder Déifdrocksystem forméiert/beweegt. Dës Randdéifer ginn wéi mat engem Katapult ronderëmt hir Haapt-Déifdrockgebitter geschleidert – se sinn also zimmlech kleng an se hunn eng gewëss Vitesse drop, wouduerch sech d’Modeller nëmmen a rare Fäll exakt bewosst sinn, wéi e Wee se wäerten aschloen. Déi genee Positioun/de geneeë Lafwee vun dëse Randdéifer entscheed op engem schmuele Grat driwwer, wéi staark de Wand gëtt, wéi vill Nidderschléi erofkommen an och a wat fir enger Form. Och d’Temperaturentwécklung ass staark dovun ofhängeg.

Et ginn also vill Eegeschaften, déi een an de nächsten Deeg als Meteorolog muss mat abezéien. Net wonneren also, wann d’Prognosen an den einfachen Apps deemnächst nach manner stëmme wéi soss/wéi wëll ronderëmsprangen – meeschtens sëtzen do nämlech keng Mënschen hannendrun fir déi elo genannt Faktoren, baséierend op mënschlecher Erfarung, mat an d’Prognos anzebezéien.

De momentane Stand & ausféierlech Erkläerung

Gëschter hate mir eis dat Ganzt jo schonn ausféierlech ugekuckt. Déi nächst Zeile sinn also en Upate dozou:


An der Nuecht op e Méinde kéint et zu eenzelne Schnéischauere kommen | Grafik: wxcharts.com

D’Modeller rechnen ëmmer méi domat, dass d’Wieder schonn am Laf vum Sonnde soll ëmschloen. Den amerikaneschen, europäeschen, däitschen an och franséische Modell sinn der Meenung, dass et am Laf vum Sonndenowend schonn zu den éischte Schnéischauere soll kommen. Och am Laf vum Méinde wier ëmmer erëm mat där enger oder anerer Schnéischauer ze rechnen – mir mussen eis awer bewosst sinn, dass mir net “matten dran” leien: Mir spillen un dësen Deeg éischter um Rand vun engem Nidderschlagsgebitt mat, wat mat sengem Groussdeel iwwert dem Gros vun Däitschland läit an domat nëmme knapp un eise Géigende laanschtschläift. Well et awer nach e peur Deeg bis dohi sinn, kann et natierlech sinn, dass dëst Nidderschlagsgebitt nach méi wäit ëstlech oder och westlech zitt. Mir mussen d’Situatioun ofwaarden.


Een oder zwee Randdéifer hëllen Mëtt der Woch der Formatioun vun enger Loftmassegrenz | Grafik: wxcharts.com

Wéi och ëmmer – an dësem Artikel gi mir op de momentane Stand an. Dësem no kënnt vu Mëtt der Woch un de Faktor Randdéif an d’Spill. Den amerikaneschen an och den europäesche Modell weise Signaler dofir, wouduerch dësen Zenario mëttlerweil guer net méi onwarscheinlech ass. Berechent gëtt, dass um fréie Mëttwochmoien e Randdéif mat sengem Kär westlech vu Frankräich läit. De Nidderschlag dovun soll eis schonn a liichter Form erreechen – a well eis Temperaturen ëmt a liicht ënnert dem Gefréierpunkt leien, kann dësen direkt als Schnéi erofkommen. Mat der Beweegung vum Randdéif a Richtung franséischt Festland (duerch seng Dréibeweegung géint d’Auer dréit et méi mëll Loftmassen op Lëtzebuerg) geet de Schnéi an eise Géigenden awer erëm a Reen iwwer, well et fir eng kuerz Zäit däitlech méi waarm soll ginn. Zitt de Kär, wéi den europäesche Modell et gesäit, am Laf vun der Nuecht op en Donneschde genee iwwer Lëtzebuerg ewech, da sinn a Richtung Donneschdemoien op der Récksäit vum Déif erëm Schnéischaueren ze erwaarden. Duerch d’Dréibeweegung gi nämlech dann erëm kill Loftmassen aus dem Norden ugezapt.

Dëst Randdéif dréit zu enger Loftmassegrenz bäi. Kucke mir eis dat nämlech aus engem méi breede Spektrum un, da mierke mir, dass dëst Déif mëll Loftmassen aus dem Mëttelmierraum widdert däitlech méi kill Loftmassen dréckt, déi duerch déiwe Loftdrock iwwer Skandinavien a Richtung Süden transportéiert ginn. Exakt do, wou d’Loftmassegrenz läit, muss mat kräftege Nidderschléi gerechent ginn. D’Form dovun hänkt dann ganz vun der Temperatur of.


E Freide kéint eis eng Kalfront mat e puer Schnéischauere passéieren | Grafik: wxcharts.com

E Freide kéint d’Kalfront vun engem Déif duerchzéie, wat säi Kär och erëm am Beräich vu Skandinavien huet. Op e Neits wier mat Schnéischaueren ze rechnen. Mee w.e.g erënnert Iech drun: Mir schwätzen hei vun engem Zäitraum, deen eng Woch an der Zukunft läit. Et sief also alles nach mat Virsiicht ze genéissen.

Wéi ass et mat de Schnéihéichten?

Dem Stand vu gëschter no hate mir jo vun ëm 15 cm geschwat, déi méiglech wieren. Natierlech sinn esou Aussoen nach iwwerhaapt net eeschtzehuelen – et ass nach vill ze laang bis dohin! Dem aktuelle Stand no stinn dem europäesche Modell no awer tëscht 2 an 10 cm am Norden um Plang, an der Südhallschent tëscht näischt an 3 cm.


D’Schnéiquantitéiten, déi duerch d’Loftmassegrenz kéinten zesummekommen. Mëttlerweil läit de Rimm e gutt Stéck méi wäit nërdlech vu Lëtzebuerg | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Modell ass och guer net mol esou wäit ewech dovun. Mee nach eng Kéier: Dëst ass eng Moment-Opnam! Et kënnt zu 100% nach zu diversen Ännerungen.