Ausbléck: Wiedermodeller schaffen u Summer-Zenarien

Geet et de Wiedermodeller no, da sinn summerlech Zenarien a noer Zukunft guer net esou onwarscheinlech.

Wiedermodeller gi méi summerlech

D’Wiedermodeller fänken u, méi summerlech ze ginn. Engersäits ass dëst wuel normal, well den éischte Juni guer net méi esou wäit fort ass. Anerersäits hänkt et dann dach ëmmer nach vun der Gesamtwiederlag u séch of, a wéi eng Richtung et wierklech geet – well dem Wieder ass den Datum ganz egal. Mir ginn haut zwou Iddien duerch: eng méi summerlech, an eng liicht méi zréckhalend.

ECMWF

Dee Modell, deen de Moment am summerlechsten drop ass, ass den europäesche Wiedermodell ECMWF. Dëse schafft un der Iddi, dass sech fir nom 9. Mee un eng Héichdrockzon iwwer Europa ausbild, iwwerdeems ëstlech a westlech dovun déiwe Loftdrock läit. Dëst heescht, dass sech den héije Loftdrock iwwert eis festsetze kéint (Omega-Wiederlag) an doduerch iwwert eng méi laang Zäit dréchent a waarm Wieder bei eis ze erwaarde wier. Et ass zwar nach héich-spekulativ, mee sollten déi momentan Berechnungen vum ECMWF esou bleiwen, dann wieren tëscht dem 12. an dem 14. Mee Temperature vu bis bal 30 Grad net onméiglech.


Den ECMWF mat der däitlech méi summerlecher Variant | Grafik: wxcharts.com

Déi aner Säit

Dass dat ganzt awer nach alles anescht wéi op stabile Been steet, weist eis den amerikanesche Wiedermodell GFS. E geet zwar och méi a Richtung Summer, allerdéngs wëll dësen et net ausschléissen, dass den Atlantik der Saach erëm e Stréch duerch d’Rechnung maache kéint. De Modell rechent domat, dass géint dem 9. Mee de Virstouss vu méi waarmen a potenziell summerleche Loftmassen ugeet. De Maximum soll den 11. Mee erreecht ginn, ier d’Wiermt den 13. Mee erëm duerch eng Kalfront a méi kill Loftmasse vun der Nordséi verdrängt kéinte ginn – dobäi wieren Donnerwieder net ausgeschloss.


De GFS ass nach net ganz dovun iwwerzeegt | Grafik: wxcharts.com

Nodeems et dann erëm méi kill ginn ass, soll fir den 16. Mee erëm de nächste Versuch virun der Dier stoen: déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik an héije Loftdrock iwwer Europa géife kuerz summerlech Loftmassen aus dem Mëttelmierraum & Afrika unzapen, déi eis dann och eventuell un bal 30 Grad brénge kéinten.

De Fazit

De Fazit aus aktueller Siicht ass deen, dass et wuel zimmlech sécher méi waarm gëtt. D’Fro déi sech stellt ass, ob et eng méi stabil Geschicht gëtt (wéi den ECMWF se gesäit) oder eng, déi e bësse méi zerbriechlech ass (wéi de GFS se gesäit). Dëst halen ech fir Iech am Aen a wäert Iech no a no mat frëschen Informatioune versuergen.