Ausbléck: Wou bleift iwwerhaapt de Reen?

No engem ze dréchenen Abrëll ass et direkt an e bis ewell ze dréchene Mee eragaangen. Wéini reent et mol erëm?

Aussiichte weiderhi net déi bescht

Wa mir elo mol bei der aktueller Woch bleiwen, dann ännert sech nach net all ze vill. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 0 an 2 l/m², déi bis de Sonnden erofkomme kënnen, den europäeschen ECMWF rechent esouguer mat iwwerhaapt guer näischt. Déi nächst Chancen schénge sech dann awer lues a lues vun der nächster Woch un ze erginn.


De Reen bis de Sonnden inclus, gerechent vum ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent fir de Méindenowend mat enger klenger Warscheinlechkeeet vu Schaueren oder och mol dem engen oder aneren Donnerwieder, um Dënschdenowend wier eventuell esouguer eng Front mat Schaueren an Donnerwieder méiglech. Den europäeschen ECMWF rechent schonn fir de Méinden dagsiwwer mat dëse potenzielle kräftege Schaueren an Donnerwieder. De nächsten Termin fir eng erhéicht Warscheinlechkeet vu méi kräftege Nidderschléi wier déi zweet Hallschent/Schluss vun der nächster Woch, iwwerdeems an den Deeg dotëscht, also bis dohin, nëmme ganz lokal begrenzt mol eppes méiglech wier.


De Reen bis de Sonnden 22. Mee, berechent vum GFS | Grafik: wxcharts.com

Vun der gesamter Quantitéit hier ass den ECMWF bis de Samsden 21. Mee 2022 mat tëscht 8 a 17 l/m² ënnerwee, de GFS rechent lokal bis zu 30 l/m². Am Endeffekt ass et esou, dass groussflächege skalesche Reen (Landreen) keng gréisser Roll spille wäert. Et huet méi mat Konvektioun ze dinn, also mat mat Chance mol Schaueren an Donnerwieder, déi awer ni wierklech dat ganzt Land d’gläichméisseg erwëschen. Et wäert zu groussen Ënnerscheeder op klengstem Raum kommen, wa sech déi momentan Modellkaarten duerchgesat kréien. Dat heescht, dass et Plaze ka ginn, wou gutt eppes erofkënnt – an och där, wou erëm quasi näischt wierklech nennenswäertes fält.