Ausbléck: Wou et de Weekend am naasste gëtt

Och de Weekend iwwer bleift et net dréchen zu Lëtzebuerg. Wou et am naasste gëtt, kucke mir eis elo un.

Advertisement

Déi warscheinlech naasst Plazen

Ier mir ufänken: De Weekend wäert net an d’Waasser falen! Mir hunn et einfach, wéi ugekënnegt, mat typeschem Abrëllswieder an domat och enger Partie Schaueren ze dinn. Dotëscht kënnt et also och mol zu méi frëndlechen a sonnegen Ofschnëtter.


D’Schauersignaler vum europäesche Modell iwwert de Weekend verdeelt | Animatioun: wxcharts.com

E Samsden zitt sech d’Schaueraktivitéit vum fréie Moien bis an de spéidere Nomëtten/fréien Owend eran. D’Modeller gesi besonnesch a Richtung Norden/äusserste Nordweste vum Land de meeschte Reen: Tëscht 2,5 a 6 l/m² gi berechent. Am Rescht vum Land gëtt et zwar och mol naass, mee d’Quantitéite leien tëscht 0,5 an 2 l/m².

Fir e Sonnden zeechne sech zwou “Zonen” of. Engersäits hu mir erëm den äusserste Norden, deen vu verschiddene Modeller am Fokus ass. Meeschtens wäert et zwar net esou sinn, mee op d’mannst punktuell wiere 5 l/m² net ausgeschloss. Déi zweet Zon fixéiert sech méi op de Südoste vum Land, wou tëscht 2 a 4 l/m² solle falen.

Dat alles si keng besonnesch nennenswäert Zommen. An awer kann ech mir duerch verschidden Eventer hei am Land virstellen, dass et eng Fro ass, déi sech méi oft gestallt gëtt. Also: Zur Sécherheet einfach mol e Prabbeli mathuelen, mee d’Stiwwelen an de Reemantel brauche mir net onbedingt.