Ausbléck: Ze kal éischt Dezember-Hallschent & wat de Schnéi mécht

D'Wiederkaarte weisen duerchschnëttlech ze niddereg Temperaturen - eng Raritéit an dësem Joer! Mir kucken op eng immens spannend nächst Woch, dat och a Punkto Schnéi.

De Wanter huet eis am Grëff

Am Wochenausbléck vu gëschter si mir jo gewuer ginn, dass eis géint Enn der Woch en däitlechen Temperaturréckgang usteet. D’Wiedermodeller rechne bis dohin och ëmmer méi mat enger negativer Temperaturanomalie. Zur Erënnerung: dëst Joer ware mir bis ewell gréisstendeels an engem ze waarme Beräich ënnerwee, 2022 gëtt viraussiichtlech dat zweetwäermst Joer zanter Opzeechnungsufank. Et ass also eng wëllkomm Ofwiesselung, déi mir do an de Kaarte gesinn.

Spéitstens vum Donneschden un fänken d’Maximaltemperaturen un, sech dagsiwwer bei just nach tëscht -2 an 3 Grad anzependlen. An de Nuechten si mir meeschtens bei ënnert dem Gefréierpunkt ënnerwee, plazeweis wier esouguer mat bis zu -6 Grad ze rechnen. Am Allgemengen geet et also elo a Richtung Dauerfrascht, an zwar esou, dass mir ënnert dem laangjäregen Duerchschnëttswäert leien. Mee wat leeft dann elo vun der nächster Woch un?

De Bléck op déi nächst Woch

An der nächster Woch ginn et, an dat muss een och betounen, gréisser Onsécherheeten tëscht den eenzelne Modellrechnungen. An awer kucke mir eis mol un, a wéi eng Richtung et dann goe kann.

GFS-Modell

Den amerikanesche Wiedermodell GFS weist mol nach bis Mëtt nächster Woch, also bis ronderëmt de 14. Dezember, weiderhin eng markant negativ Temperaturanomalie wat d’Loftmassen an 1,5 Kilometer Héicht betrëfft. Den Dauerfrascht soll eis also bis dohin erhale bleiwen, dat punktuell esouguer mat nach méi nidderege Wäerter. Chancen op Schnéi géif et besonnesch a Richtung Enn der Woch ginn (17. Dezember). Mee och hei handelt et sech net ëmt en Zenario, deen kontinuéierlech esou berechent gett. Et ass einfach eng Situatioun, bei där et zimmlech spontan schneie kann, egal u wéi engem konkreten Dag. Déi richteg Loftmassen dofir hu mir jo, et kënnt dann kuerzfristeg éischter drop un, ënnert wéi enger Stréimung mir leien. Eng Situatioun mat nennenswäertem Schnéi ka beispillsweis entstoen, wann aus Südwesten Déifdrockgebitter eragezu kommen, déi entweder hir Nidderschléi an déi kal Loft erandrécken oder och eng Loftmassegrenz forméieren, un deene sech wanterlech Nidderschléi entwécklen.


D’Entwécklung fir ronderëmt de 14. Dezember, nom GFS Modell | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

ECMWF-Modell

Wat den europäesche Wiedermodell betrëfft, soll d’Keelt fir de Méinde mol nach zu Lëtzebuerg bleiwen. Dem aktuelle Modell-Laf (00Z) no soll a Richtung Mëtt der Woch aus Westen awer en Déifdrockkomplex eragezu kommen, deen eis e Schwall un däitlech méi waarme Loftmasse bréngt. Dëst wier awer och nëmme vu kuerzer Dauer, well a Richtung 16. Dezember e Comeback vun de méi kille Loftmassen aus Norden hier ugedeit gëtt. Dat heescht also, dass den europäesche Modell dem aktuelle Stand no eng warscheinlech kuerz méi mëll Phas am Laf vun der nächster Woch op eis duerkomme gesäit. Och de Laf virdrun, den 12Z, schwätzt eng änlech Sprooch.


D’Entwécklung fir ronderëmt de 14. Dezember, nom ECMWF Modell | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Schnéi-méisseg schafft den ECMWF un enger méiglecher Loftmassegrenz fir Mëtt der nächster Woch – ebe well aus Südwesten déi méi mëll Loftmasen an déi méi kill erandrécken. Dësen Zenario hate mir jo uewen bei der Analys vum GFS-Modell ugeschwat.

Fazit

Déi momentan Kaarte sinn déi spannenst zanter dem Summer. De Gros vun de Solutiounen an de Kaarte sinn op der kaler Säit, a Richtung ze waarm ginn et der net all ze vill. De Schnéi kéint esou also och e net all ze raren Artikel ginn a nächster Zäit, an dovu schwätzen ech net nëmme vun de Koppen. Bei de berechente Viraussetzunge bréicht sech just eng Loftmassegrenz iwwert eise Käpp ze forméieren, fir dass mir uerdentleche Schnéi zu Lëtzebuerg gesinn. Dëst ass awer just Theorie a nach wäit ewech vun Praxis.