Den éischte Stuerm vun der Saison ass a Richtung brittesch Inselen ënnerwee. Den AGNES bréngt net nëmme vill Reen, mee och Wandspëtzte bis 140 km/h.
Den éischte Stuerm vun der Saison
Den Hierscht ass do, an domat geet och d’Stuermsaison erëm un. Déi brittesch Inselen si fir d’éischt un der Rei, de Stuerm AGNES kënnt vum Atlantik hier ugerauscht a wäert muer de Moie fréi mat sengem Wandfeld op Irland treffen. Besonnesch laanscht den äusserste Süden a Südosten, an de Géigenden Cork mee awer och Dublin an Dundalk, rechnen héichopgeléist Modeller mat maximale Wandvitesse vun tëscht 120 an 140 km/h. Kuerz virun der Mëttesstonn gräift d’Wandfeld och op England iwwer, laanscht de Westen ass mat Spëtze vun tëscht 90 an 120 km/h ze rechnen.
Am mannste Wand kritt de Norden an och den Osten vun den Inselen, mat der Ausnam vun den Erhéijungen. Domat gesot kritt een also zwar och zu London eng Lëftchen ze spieren, en ausgewuessene Stuerm gëtt sech do awer net erwaart. Wann een d’Modeller bis Enn der Woch esou kuckt, da kéint et nawell ëmmer erëm e gudden Tick méi lefteg fir d’Brittesch Inselen ginn.
De meeschte Reen ass direkt iwwert dem äusserste Süde vun Irland ze erwaarden, dat mat knapp 50 l/m². E weidere klengen Hotspot gëtt et südlech vun Dublin mat 40 l/m² an och iwwert dem Norde vun Irland.