Ausland: De Reen-Update fir Norditalien & Deeler vum Balkan

Iwwerdeems sech bei eis lues a lues den Héichdrockafloss zréckschafft, ass iwwer Deeler vu Norditalien an och dem Balkan weiderhi mat zolittem Reen ze rechnen.

Advertisement

Plazeweis schonn erëm iwwer 100 l/m² Reen gefall

No eisem Artikel vun e Sonnden huet et bis an de Méindemoien eran iwwer Deeler vu Südostfrankräich, dem Nordweste vun Italien, dem Süde vun der Schwäiz an esouguer an Deeler vun Éisträich zolidd gereent. Dat meescht gouf op italienescher Säit gemooss: Zu Cannobio waren et 107 l/m², zu Arcisate 112,4 l/m². Bis an d’Schwäiz eran huet et och plazeweis méi wéi 50 l/m² a just 12 Stonne gereent.

Bis ewell koum nach e gudde Koup Reen dobäi: Zanter e Méindemoien 8 Auer bis haut de Moien huet et zu Vacarisses, am Nordoste vu Spuenien, 80,5 l/m² gereent. Zu Stabio, direkt un der Grenz zu Frankräich, waren et 50 l/m² an och un der Statioun vun Alpe di Neggia war et mat 54 l/m² erëm uerdentlech naass. Vill méi war et an dësem Zäitraum awer a Slowenien: Un der Statioun zu Vogel waren et an de leschte 24 Stonnen 116 l/m² an zu Vojsko 143,3 l/m².

E Mëttelmierraum bleift naass

Nach iwwert dës Woch eraus ass ëmmer erëm mat Déifdrockgebitter ze rechnen, déi sech iwwert dem Mëttelmier a Form vun zolitte Reenzomme kënnen entlueden. Bis e Sonnde sinn am Raum Parco Nazionale della Val Grande, also erëm am äussere Norden vun Itaéien mat direkter Grenz zur Schwäiz, iwwer 110 l/m² ze erwaarden.


Déi berechent Reequantitéite bis e Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

Änlech Zomme sinn och op der anerer Säit vum Land, am Raum Venetien, méiglech. Lues a lues verlagert sech de Reen awer och an de Balkanraum, fir d’Hiwwelen laanscht d’Küsten vu Kroatien a Montenegro ginn och punktuell tëscht 50 an 100 l/m² simuléiert.