Ausland: De Stuerm BABET huet déi brittesch Inselen am Grëff

En Dënschde louch de BABET nach viru Portugal a Spuenien, suergt an Tëschenzäit awer iwwert de britteschen Inselen fir zolitte Wand an deels immens grouss Reequantitéiten. De nationale Wiederdéngscht, MetOffice, huet déi héchst Warnstuf ausgeruff.

Advertisement

De Reen steet am Fokus

De Wand ass déi eng Saach, mee vill méi e groussen Impakt huet de Reen. Bis de Sonnden falen am Raum Southhampton, Cardiff, Birmingham, Belfast a Manchester tëscht 50 a knapp iwwer 100 l/m² Reen. Däitlech méi markant ass d’Situatioun awer tëscht Edinburgh, Aberdeen an Iverness – méi genee gesot am Raum Kirriemuir, Forfar, Montrose, Brechin, Laurencekirk, Inverbervie. De Modeller no kann hei un den 160 l/m² bis de Sonnden inclus gekrazt ginn.


D’Reequantitéite bis de Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

Wandméisseg kënnt de Süden immens gutt ewech, iwwerdeems iwwert der Nordhallschent vun den Inselen de stiermeschsten Deel ze erwaarden ass. U Land si Spëtzte vun tëscht 75 an 100 km/h méiglech, direkt un der Küst an iwwert dem Mier leien d’Wäerter bei 100 bis 140 km/h – uerdentlech, mee fir brittesch Verhältnisser net besonnesch aussergewéinlech.


D’Wandvitesse fir de Freiden géint 9 Auer UTC | Grafik: wxcharts.com