Ausland: Den Hurrikan LEE geet muer a Kanada u Land, an duerno?

Den Hurrikan LEE, deen a senger Vergaangenheet schonn déi héchst Kategorie 5 um Atlantik erreecht hat, geet de Weekend ënner Ofschwächung a Kanada u Land.

Advertisement

De Parcours vum LEE

Den Hurrikan LEE ass, wéi all aneren Tropestuerm an Hurrikan och, aus enger tropescher Well eraus entstanen. Dorënner versteet een gréisser Donnerwieder-Cluster, déi sech entweder iwwert dem Atlantik forméiert hunn oder vun der westafrikanescher Küst aus eraus op den Atlantik zéien. Aus dësen Donnerwiedersystemer entwéckelt sech no a no en Déifdrockgebitt, wat sech ënnert de richtege Konditioune kann zu enger tropescher Depressioun iwwert en Tropestuerm a fläit esouguer och kann zu engem Hurrikan entwécklen. De LEE hat sech de 5. September an e Tropestuerm verstäerkt, nëmme 24 Stonnen duerno war et en Hurrikan vun der éischter Kategorie mat enger gemëttelter Wandvitesse vun 120 km/h a sengem Zentrum.


Déi aktuell Satellittebiller vum LEE | Animatioun: tropicaltidbits.com

Ënnerwee a Richtung Kanada

Duerno hat sech de Stuerm massiv verstäerkt… nach eng Kéier 24 Stonnen drop war et en Hurrikan vun der héchster, also fënnefter Kategorie. An der Moyenne huet de Wand mat Vitesse vun 270 km/h ronderëmt d’Aen vum Stuerm geblosen, an de Spëtzten mat ëm 300 km/h. An den Deeg drop huet sech de Stuerm nëmme lues a lues ofgeschwächt, iwwerdeems e knapp ëstlech vun der dominikanescher Republik passéiert war. De Moien ass de Stuerm knapp westlech u Bermuda laanschtgezunn an zitt elo riicht op Kanada duer, méi genee gesot op d’Küst vu Yarmouth an Halifax am kanadesche Nova Scotia. De National Hurricane Center huet schonn Virwarnungen erausginn. Et ass domat ze rechnen, dass de LEE als Hurrikan vun der éischter Kategorie (Vitessen ëm 120 km/h an der Moyenne) u Land geet a sech dann séier an en aussertropesche Stuerm ëmwandelt, deen dann Deeler vum US-Bundesstaat New England erreecht. Nieft dem ville Wand muss natierlech och mat Iwwerschwemmungen duerch de Reen & d’Stuermflut gerechent ginn.


De weidere Parcours vum LEE | Grafik: NOAA / hurricanes.gov

D’Zukunft vum LEE

Dem momentane Stand no bleift de LEE, oder d’Iwwerreschter dovun, nach bis e Sonnden inclus iwwer kontinentalamerikaneschem Festland, ier en op de grousse Nordatlantik erausgedroe gëtt. Do gëtt en dann vun engem groussen Déif opgesaugt, wat sech vun Island aus a Richtung brittesch Inselen beweegt. Dat bedeit also, dass den dann Ex-Hurrikan LEE op eise Wiederkaarten opdaucht an och e Wiertchen matzeschwätze kritt. Méi dozou awer an engem aneren Artikel.


Wann ee gutt kuckt, gesäit een wéi de LEE a Richtung Europa katapultéiert gëtt | Animatioun: wxcharts.com