Ausland: Den OTIS ass de stäerksten Hurrikan, deen jeemools a Mexiko u Land gaangen ass

A Mexiko spillt sech eng Katastroph of: D’Géigend vun Acapulco ass vum fir d’Land bis ewell stäerksten Hurrikan zanter Opzeechnungsufank heemgesicht ginn. De Stuerm hat sech an de vergaangene Stonne ganz onerwaart massiv verstäerkt.

Advertisement

Onerwaart extreem Intensivéierung

Den OTIS hat sech den 22. Oktober géint 20 Auer zu engem Tropestuerm forméiert an konnt dëse Status bis de 24. Oktober 14:00 Auer halen. Anescht wéi erwaart, hat sech de Stuerm dunn op eemol a manner wéi 6 Stonnen zu engem Hurrikan vun der zweethéchster Kategorie 4 virunentwéckelt – dat entsprécht Wandvitessen vun an der Moyenne 230 km/h! Domat net genuch: haut de Moie géint 2 Auer war et en Hurrikan vun der héchster Kategorie, mat Duerchschnëtts-Wandvitessen vun 260 km/h.

Uersprénglech war erwaart ginn, dass de Stuerm als Tropestuerm oder schwaachen Hurrikan géif u Land goen.


De Parcours vum Hurrikan OTIS. Rout Linn: Kategorie 4, moof Linn: Kategorie 5 | Screenshot: zoom.earth

Déi extreem séier Intensivéierung vum Stuerm huet et den Awunner schwéier gemaach, sech richteg op d’Situatioun virzebereeden. Esoubal d’Sonn opgeet gëtt mam Schlëmmste gerechent – net nëmmen duerch de Schued vum Wand, mee och duerch déi massiv Iwwerschwemmungen/Stuermflut.

D’Aen vum Stuerm ass knapp westlech vun Acapulco u Land gaangen. Wéi Meteorologen op der Social Media-Plattform X (virdrun Twitter) matdeelen, ass den OTIS de bis ewell stäerksten Hurrikan deen bis ewell a Mexiko u Land gaangen ass. E war esouguer méi staark wéi den Hurrikan Patricia am Joer 2015, deen an der Moyenne mat 241 km/h geblosen hat.