
Den Zyklon DANA, Equivalent zu engem Hurrikan vun der zweeter Kategorie mat Wandstéiss vun ëm 140 km/h, geet den Owend an Indien u Land.
Advertisement
Tropestuerm-Saison och an Indien
Tropestierm an Hurrikanen triede net nëmmen am Atlantik an un de Küste vun den USA op, mee och nach an Asien an Indien – se ginn do just anescht genannt. An Asien gëtt vun engem Taifun amplaz vun engem Hurrikan geschwat, an Indien vun engem Zyklon. Elo relevant ass den Zyklon DANA, deen vu senger Intensitéit hier mat engem Hurrikan vun der zweeter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala gläichzestellen ass. Aktuell produzéiert en duerchschnëttlech Wandvitessen vun 120 km/h, an de Spëtzte sinn et bis ëm 140 km/h. Wat awer bei Tropestierm ëmmer erëm vergiess gëtt, sinn och déi grouss Reenzommen, déi se mat sech bréngen.

Nach ass d’DANA gutt 150 Kilometer vum indesche Festland fort. Et ass ze erwaarden, dass d’Aen vum Stuerm haut um spéideren Owend/an der Nuecht op muer bei Paradeep u Land geet. Kuerz ier dat de Fall ass, kéint e sech liicht verstäerken, ier en u Land séier méi schwaach gëtt. Schonn muer de Moie fréi soll et sech just nach ëm Iwwerreschter a net méi ëmt en tropesche Stuerm handelen. Nieft de virdru genannte Wandvitessen ass mat tëscht 100 an 300 l/m² Reen ze rechnen, je no Regioun. Kalkutta, déi siwent gréisst Stad an Indien, läit e Stéck nordëstlech vum Stuerm – sollt also net all ze vill dovu matkréien.