D’Vb-Déif entwéckelt/verstäerkt sech de Moment iwwert dem liguresche Mier a wäert an de nächsten Deeg iwwer Deeler vun Däitschland, Éisträich, der Slowakei, Tschechien a Polen fir liewensgeféierlech Iwwerschwemmunge suergen. Dëst ass e weideren Update.
Advertisement
Extreem Berechnungen heefe sech
Eng sougenannt “Vb-Wiederlag” suergt vun den Owend un bis an déi nei Woch eran fir eng immens ugespaant Situatioun an eise Nopeschlänner. Den uerspréngleche Kontext zu der Wiederlag fannt Dir am alleréischten Update vun e Méinden.
Et ass e weideren Dag vergaangen an d’Wiedermodeller gesinn ëmmer nach eng immens zolitt Onwiederlag, déi sech an de nächsten Deeg iwwer Deeler vum Kontinent wäert ofspillen. D’Reenzomme sinn deels esouguer nach eropgeschrauft ginn, wat den allgemengen Duerchschnëtt vun de maximal berechenten Zommen op tëscht 200 a 400 l/m² erhéicht. Et ginn och nach e puer Ausräisser, déi esouguer bis zu 500 l/m² gesinn – déi Zuele sinn awer weiderhi mat Virsiicht ze genéissen. Fest steet: Egal wéi vill et exakt reent ass mat enger liewensgeféierlecher Onwiederlag ze rechnen, déi wuel leider fir schro Biller an de Norichte wäert suergen.
Op dëser Grafik hunn ech mol unhand vu verschiddene Modelldonnéeë probéiert, bestëmmt Korridoren anzezeechnen, wou déi an der Grafik genannt Spaane vun den Zommen am warscheinlechste kënnen optrieden. De Schwéierpunkt kann also, Stand elo, an Éisträich vu Salzburg aus iwwer Uewer- a Nidderéisträich esouwéi och deels iwwert de Norde vun der Steiermark verlafen. Och d’Haptstad Wien läit an dësem Geforegebitt. Vun hei aus zitt sech de Beräich weider an den äusserste Nordweste vun der Slowakei an uschléissend an d’Osthallschent vun Tschechien, inklusiv Brno, Zlín an Ostrava. Wat Polen betrëfft ass de Südweste vum Land am Fokus, also Nidderschlesien.
Och ronderëmt dëst Haaptgebitt ass mat groussen a geféierleche Reenzommen ze rechnen, d’Onwieder begrenzt sech also net nëmmen op déi elo just genannt Géigenden. E bësse manner geféierlech, mee ëmmer nach immens vill Reen, gëtt am orange Gebitt erwaart.
Huelt dës Markéierunge w.e.g. net 1:1 – et ass just, fir eng allgemeng Iwwersiicht zur Situatioun ze weisen.
Obwuel sech d’Haaptnidderschlagsgebitt jo iwwert de südëstlechen an ëstleche Nopeschlänner vun Däitschland ophält, ass d’Thema Héichwaasser och do genee am Aen ze halen. D’Waassermasse lafe nämlech och an d’Flëss, an eng Rei vun dësen fléissen och an Däitschland eran.