No eisem Update vun e Samschde kënnt et och weiderhin zu massive Nidderschléi iwwer Deeler vum Mëttelmier. Muer trëfft et zumools d’Ionescht Mier, wouduerch och verschidde Küstegéigenden eppes wäerten ofkréien.
Advertisement
Weiderhin Déifdrockaktivitéit iwwert dem Mëttelmier
Änlech wéi mir et an de vergaangene Wochen a Méint ëmmer erëm héieren hunn, provozéieren Déifdrockgebitter ëmmer erëm massiv Nidderschléi op verschiddene Plazen am Mëttelmierraum. Je no Géigend kommen dës dann och nach mat markanten Iwwerschwemmungen dohier.
Muer um Donneschden an och e Freide wäert zumools d’Ionescht Mier betraff sinn, also den Deel vum Mëttelmier, deen sech tëscht Italien an dem Balkan befënnt. Dem europäesche Modell no ass iwwert dem Mier mat tëscht 40 an 120 l/m² ze rechnen, héichopléisend Modeller wéi den ICON-EU oder den ARPEGE gesinn deelweis och bis zu 180 l/m², déi bis e Freidenowend sollen erofkommen. Tendenziell soll op italenescher Säit, a Richtung Lecce, Taranto an Otranto am meeschte Reen erofkommen. Wéi vill et genee u Land selwer wäert sinn, ass net kloer, mee um Strand/direkter Ëmgéigend zum Mier kann ee sech op naass Stonnen astellen. Aner Küstegéigende wou vill erofkomme kann leien am äusserste Weste vu Griicheland an och Albanien.
An den Deeg drop groussflächeg Gefor vun Iwwerschwemmungen
De Modeller GFS an ECMWF no wäerte sech bis an déi nächst Woch eran ëmmer erëm Déifdrockgebitter iwwert de Mëttelmierraum verlageren. Den amerikanesche Modell gesäit op verschiddene Plazen Hotspots fir méiglech Iwwerschwemmungen, wéi beispillsweis den äusserste Süde vu Frankräich mat Grenz zum Nordoste vu Spuenien, Corse, Montenegro, Albanien an Deeler vu Bosnien. Deels ginn akkumuléiert Zomme vun 300 l/m² berechent – Eenzelheete mussen awer nach ofgewaart ginn.
Den europäesche Modell gesäit eng däitlech méi héich Konzentratioun un Déifdrockgebitter, déi op ville Plazen am ganze Mëttelmier verdeelt mindestens 50 l/m² géif bréngen. Punktuell wieren, och erëm tendenziell a Richtung Balkan, bis zu 400 l/m² net ausgeschloss.
Nach sinn dës Berechnungen Moment-Opnamen, déi kënnen änneren. Sollten se sech awer konkretiséieren, da wäerte mir a Form vun Updates nachemol drop zréck kommen.