Ausland: Hurrikan IAN huet Kuba passéiert, Florida am Viséier

Den Hurrikan IAN ass an de vergaangene Stonne mat sengem Kär iwwert déi westlech Deeler vu Kuba ewechgezunn. Elo hëlt e Florida an d'Viséier a wäert sech weider verstäerken.

Kuba wuel schwéier getraff

Et ass de Moment zwar nach net all ze vill iwwer d’Schuedensbild op Kuba bekannt, mee et kann ee sech schonn denken dass et zimmlech schro muss ausgefall sinn. De Stuerm ass als Hurrikan vun der drëtter Kategorie iwwer d’Insel ewechgezunn – dat entsprécht Wandvitesse vun ëm 165 km/h an der Moyenne. An de Spëtzte kënnen duerchaus mol méi wéi 200 km/h erreecht ginn. Mat dobäi kënnt de ville Reen, deen zesumme mam Wand eng grouss Gefor duerstellt. 200 bis 400 l/m² Reen goufe fir Kuba virausgesot – novollzéibar wann ee bedenkt, dass esou een Hurrikan nëmme lues vu Plaz kënnt a sech iwwer Stonnen a Stonnen op där selwechter Plaz befënnt.


Dat aktuellt Satellittebild (Echo Tops) vum Hurrikan IAN, Stand 27.09.2022 19:12 Auer | Animatioun: tropicaltidbits.com

Nach virum Antreffe vum IAN sinn a Kuba eng 50.000 Persounen, déi direkt un de Küste liewen, a Sécherheet bruecht ginn.

IAN geschwënn Hurrikan vu véierter Kategorie

Normalerweis schwächt sech en Hurrikan of, esoubal Land dotëscht kënnt. Dem IAN schéngt dat awer méi oder manner egal ze sinn, well e sech op sengem Wee duerch Kuba net wierklech stéiere gelooss huet. De Moment läit d’Aen vum Stuerm nëmmen e puer Kilometer nërdlech vu Bahia-Honda (Kuba) an ass elo erëm iwwert dem waarme Mier ënnerwee, iwwert dem sech de Stuerm an de nächste Stonne wuel rasant verstäerke wäert. Nach an dëser Nuecht, also där op de Mëttwoch, soll aus dem IAN en Hurrikan vun der véierter Kategorie ginn – dat mat enger gemëttelter Wandvitesse vun 215 km/h, an de Spëtzten däitlech driwwer.


De weidere Parcours vum Hurrikan IAN | Grafik: NHC / NOAA

Déi momentan Prognos ass déi, dass de Stuerm an der Nuecht op den Donneschden bei Venice, FL u Land goe soll. Nach kuerz virun der Küst soll en der véierter Kategorie ugehéieren, ier en dann iwwer Land méi schwaach gëtt an erofgestuuft wäert ginn. Am fréien Donneschdemoie soll et dann nach en Hurrikan vun der éischter Kategorie sinn, deen awer trotzdeem ëmemr nach vill Reen a Wand mat sech brénge wäert.

Generell besteet fir de Groussdeel vun der Westküst vu Florida am Beräich vum IAN akut Liewensgefor. Nieft dem ville Reen an dem Wand sinn och eng ganz Partie Donnerwieder an de Stuerm mat agelagert, déi alleguer d’Potenzial dofir hunn, Tornadoen ze generéieren. Dës kënnen dann och mol zimmlech zolitt ausfalen. Et ginn also op alle Fall alles anescht wéi roueg Stonnen fir déi betraffe Géigenden. Florida ass am Ausnamezoustand.

Wat mécht den Taifun Noru?

Wéi och déi lescht Kéier kucke mir och kuerz eriwwer op de Vietnam, wou den Taifun NORU nach an dëser Nuecht bei Da Näng u Land goe wäert. De Moment erreecht en e Mëttelwand vun 195 km/h, huet sech also am Verglach zu de leschte Stonnen e Stéck ofgeschwächt. De Moie fréi haat e nach Wandvitesse vun 240 km/h generéiert, an de Spëtzten däitlech driwwer. Nieft dem zolitte Stuerm ass och hei mat enorme Reequantitéiten ze rechnen.